Et ass net fir d'éischt, dass de Service, dee sech ëm den Transport vu Mënsche mat engem Handicap këmmert, an der Kritik steet.

Bei enger Ëmfro, déi Info-Handicap rezent duerchgefouert huet, soen d'Notzer vum Adapto, datt et ëmmer nach Problemer ginn, sief et beim Buchen, bei der Faart oder mat Retarden. Dysfonctionnementer, déi awer scho kuerzfristeg solle verbessert ginn, heescht et vu Säite vum zoustännege Ministère.

No engem uerge Verkéiersaccident viru bal 22 Joer ass de Rigobert Rink queeschschnëttsgeläämt a sëtzt am Rollstull. Mat sengem Kapp, Kënn a Mond steiert hie seng elektresch Apparater. Dat gëtt him eng gewëssen Autonomie, genee wéi den Adapto-Service, deen hie reegelméisseg notzt.

Adapto géif sou heeschen, well de Service sech un d'Leit soll adaptéierten. Leider wier dat net ëmmer de Fall, sou den Här Rink. Hie wier scho mol an engem Adapto-Bus géint d'Fënster gefall, well de presséierte Chauffer onkontrolléiert gefuer ass. Zwee vu senge Matbewunner hate mat Adapto Problemer nodeems si aus der Vakanz heem komm sinn.

Info-Handicap krut weider Dysfonctionnementer gemellt. Vun den 197 Leit, déi un hirer Ëmfro Deel geholl hunn, hu 76 % uginn, scho Problemer bei Reservatioune gehat ze hunn. 72 % schwätze vu Mëssstänn bei Trajeten.

Ronn 77 % vun de Befrote si scho wéinst dem Adapto ze spéit komm a bal 40 % hate Problemer mat engem Chauffer. Alles dat gouf dem Mobilitéitsministère matgedeelt. Mat virop der Fuerderung no engem Audit an der Demande no Remboursementer am Fall wou wéinst Problemer bei Adapto en Taxi bezuelt gouf.

Donieft missten d'Chauffere besser forméiert ginn. Weider wënscht sech Info-Handicap en Update vun der Adapto-App, dee vum Ministère souwisou fir Mëtt Mee virgesinn ass.

Den Här Rink, dee selwer bei der Reunioun am Ministère dobäi war, huet d'Gefill op oppen Ouere gestouss ze sinn. De Ministère mécht iwwregens och bis Enn Mee eng méi grouss ugeluechten Enquête bei de Clientë vum Adapto. Ëmmerhin hunn iwwer 8.600 Leit zu Lëtzebuerg Accès op de Service a ronn 5.000 benotzen en aktiv.