CGDISWéi gëtt decidéiert, wéi een Zenter op den Asaz fiert?

Christophe Hochard
Mat Diddeleng a Wickreng gouf en Dënschdeg zwou Plazen, wou zwee gréisser Pompjeesasätz gefrot waren. Ma wéi gëtt decidéiert, wien op den Asaz fiert?
CGDIS: Wéi gëtt decidéiert, wéi een Zenter op den Asaz fiert?
Mat Diddeleng a Wickreng gouf en Dënschdeg zwou Plazen, wou zwee gréisser Pompjeesasätz gefrot waren. Ma wéi gëtt decidéiert, wien op den Asaz fiert?

Beim Feier zu Wickreng waren d’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng am séiersten op der Plaz. En Einsatz-Leit-System rechent ëmmer aus, wéi een Zenter am séierste kann op der Plaz vum Brand sinn.

100 Kasäre ginn et uechtert Land. Et ginn eppes Klenges manner ewéi 700 Beruffspompjeeën a bal 4.000 Fräiwëlleger, op déi de CGDIS kann zréckgräifen. Déi kleng Kasäre si meeschtens net besat. Hei mussen d’Pompjeeë gepiipst ginn.

D’Feier zu Wickreng

RTL-News: Brand op engem Schantjen zu Wickreng - Situatioun ass ënner Kontroll, Strooss huet zäitweis misse gespaart ginn

D’Feier zu Diddeleng

RTL-News: Brand an der Rue Theodore Thiel zu Diddeleng - Police réit den Awunner an der Géigend, d’Fënsteren zouzeloossen

Back to Top
CIM LOGO