Déierequälerei am NordenDräi Kaze kruten an de leschte Woche Been erofgeschnidden

Marc Hoscheid
Zu Draufelt an Eeschwëller ass et an deene leschte Wochen zu op d'mannst dräi Fäll komm, wou Kazen attackéiert goufen.
© beauty_of_nature via Pixabay

Et ass ee grujelegt Bild, dat RTL vun enger Fra vun Draufelt geschéckt krut. Eng vun hire Kaze krut anscheinend déi hënnescht Been erofgeschnidden. E Sonndegmoie wier et der Kaz nach gutt gaangen. Ma am Nomëtteg hätt si se voller Blutt an hirem Haische fonnt. Si hätt d’Déier nach bei de Veterinär gefouert, ma deen hätt et just nach aschléifere kënnen. Den Déierendokter hätt awer gesot, datt d’Been effektiv erofgeschnidde goufen. Si hätt dann och Plainte bei der Police gemaach.

Opgepasst: Wann Dir op dës Foto klickt, gesitt Dir der Kaz hir Blessuren.

© RTL-Grafik

Nodeems si d’Foto op Facebook gesat hat, hätte sech zwou weider Frae bei hir gemellt, deenen hir Kazen op eng änlech Aart a Weis attackéiert goufen. Eng aner Kaz vun Draufelt krut ee Been erofgeschnidden, konnt awer vum Veterinär gerett ginn. Anescht bei engem Déier vun Eeschwëller, dat dräi Been erofgeschnidde krut. Och an deem Fall wier eng Plainte gemaach ginn. D’Besëtzer hu keng Anung, wie fir d’Attacke responsabel kéint sinn. Vun der Police heescht et iwwerdeems op Nofro hin, et wier bis elo nach näischt vun esou Plaintë gewosst.

Update: Nodeems RTL e Mëttwoch den Owend iwwer d’Virfäll informéiert hat, hu Lieser d’Hypothees geäussert, datt et sech och ëm Accidenter mat Méimaschinne kéint handelen. Sollte mer hei nei oder méi Informatioune kréien, deele mir déi natierlech mat.

Weider Fäll vun Déierequälerei

Rezent war et op anere Plazen och schonn zu Fäll vun Déierequälerei komm. Enn Mee war zu Miersch ee Geessebock ëmbruecht ginn. Him goufen net just de Kapp an d’Been erofgeschnidden, mee och d’Innereien erausgeholl an de Pelz erofgezunn. Dono gouf d’Déier u Seeler am Stall opgehaangen an ausbludde gelooss. Vun der Police ass et dann den Opruff, datt Leit, déi eppes Verdächteges gesinn hunn, sech beim Kommissariat vu Miersch melle sollen.

RTL-News: Kapp vun engem Geessebock zu Miersch fonnt ginn De 25. Mee waren zu Dikrech tëscht dem Nelcheswee an der Montée du Herrenberg zwee doudeg Schof fonnt ginn. An deem Kontext sicht d’Police elo no Zeien. Wien eppes Verdächteges gesinn huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Dikrech-Veianen ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 80 1000 oder via Mail.

RTL-News: D’Police sicht no Zeien, nodeems zwee doudeg Schof fonnt goufen A schonn am Februar war am Éislek den Zwergzebu-Stéier Simba, dee virdru länger Zäit gesicht gi war, dout fonnt ginn. Den Hals an d’Ouer vum Stéier wieren “opgeschnidde” gewiescht.

RTL-News: Zebu-Stéier Simba dout fonnt ginn

Back to Top
CIM LOGO