Serie vun doudege Kazen am NordenEsouwuel Méimaschinne wéi Mënsche kéinte responsabel sinn

Marc Hoscheid
An der Géigend vun Draufelt kruten a kuerzer Zäit dräi Kaze Been ofgetrennt. Vun Experten heescht et, datt esou Fäll net dacks virkommen.
© afp

Rezent hat eng Fra vun Draufelt RTL eng Foto zoukomme gelooss, op där hier doudeg Kaz ze gesinn ass. D’Déier krut déi zwee hënnescht Been ofgetrennt. Nodeems si d’Foto op Facebook gedeelt hat, hu sech zwou weider Frae bei hir gemellt, well hir Kazen änlech Blessuren haten. Eng zweet Kaz vun Draufelt huet ee Bee verluer, konnt awer vum Veterinär gerett ginn. Een Déier vun Eeschwëller, dat dräi Been ofgeschnidde krut, huet iwwerdeems, wéi déi éischtgenannte Kaz, mussen ageschléifert ginn. D’Proprietäre vun de Kazen hu Plainte bei der Police gemaach, well si vun Déierequälerei ausginn.

Opgepasst: Wann Dir op dës Foto klickt, gesitt Dir der Kaz hir Blessuren.

Eng Partie Leit, déi den Artikel gelies hunn, hu sech bei eis gemellt, fir dorobber hinzeweisen, datt déi Zort vu Verletzunge warscheinlech vu Méimaschinnen, wéi d’Bauere se benotzen, kéinte kommen. Wann eng Kaz op der Juegd wier, géing se alles ronderëm sech ausblennen an net mierken, datt een Trakter op se duerfiert.

Keng Statistik, mee Fäll éischter seelen

Mir hu bei der Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA) nogefrot, ob et heefeg zu esou Accidenter kënnt. Vun der ALVA heescht et, datt een dat net statistesch erfaasst. Et kéint een awer aus Erfarung soen, datt esou Fäll éischter seele virkommen.

Och bei den Déiereklinicke vum Krakelshaff a Bäreldeng ass ee seele mat esou Fäll konfrontéiert. Eng Veterinärin vum Krakelshaff huet RTL vis-à-vis gesot, an deene sechs Joer, déi si elo zu Bäreldeng schafft, hätt si ee Fall erlieft, wou een Hausdéier vun enger Méimaschinn blesséiert gouf an zwar een Hond. Een Déierendokter vu Bäreldeng erkläert, datt grad d’lescht Woch eng Kaz mat änleche Verletzungen aus der Belsch ageliwwert gouf. Et wier dat deen éischte Fall a senger 30 Joer laanger Karriär gewiescht. Wéi d’Déier blesséiert gouf, kéint hien awer net soen.

Zwee Déierendokteren, zwou Meenungen

Déi zwee Déierendoktere sinn iwwerdeems skeptesch, datt eng Kaz wierklech sou op eng Juegd fokusséiert ka sinn, datt se net mat Zäite mierkt, datt een Trakter op se duerfiert. Fir d’Veterinärin vum Krakelshaff schéngt et méi warscheinlech, datt zu a ronderëm Draufelt ee Mënsch um Wierk war, deen d’Kazen ugegraff huet.

De Veterinär vu Bäreldeng fënnt par Konter, datt d’Theorie vun der Méimaschinn méi plausibel ass. Et wier nämlech immens schwéier, enger lieweger Kaz hir Been ofzeschneiden, well d’Déier sech immens wiere géing. En plus géingen d’Traktere beim Méinen haut vill méi séier fueren an d’Méimaschinne wiere vill méi grouss, wéi fréier. Op Grond vun de Wonne kéint een awer net soen, ob d’Messer vun enger Méimaschinn oder ee Mënsch mat zum Beispill enger Aaxt d’Been ofgetrennt huet. Hie gëtt dann nach ze bedenken, datt dëst Joer besonnesch vill Mais ënnerwee an doduerch vläicht méi Kazen op de Felder kéinte sinn.

Ob et sech bei deenen dräi Fäll aus der Géigend ronderëm Draufelt also ëm d’Wierk vun engem Déierequäler oder d’Resultat vun Accidenter, bei deenen d’Baueren d’Kazen am héije Gras net gesinn hunn handelt, bleift also onkloer.

RTL-News: Dräi Kaze kruten an de leschte Woche Been erofgeschnidden

Back to Top
CIM LOGO