Tëscht 19 Auer an Hallefnuecht goufen et net manner wéi 632 Interventioune vum CGDIS. D'Police mellt 190 Virfäll, plus 20 Accidenter mat Materialschued.

Op ville Plazen uechter d'Land huet et vill gereent a gestiermt. Dat huet mat sech bruecht, datt vill Beem ëmgefall sinn, Kelleren iwwerschwemmt goufen an och weider Schied.

Reen, Stuerm an Donnerwiederen
Tëscht 19 Auer an Hallefnuecht goufen et net manner wéi 632 Interventioune vum CGDIS. D'Police mellt 190 Virfäll, plus 20 Accidenter mat Materialschued.

Zu Déifferdeng war d'Situatioun och eescht. Hei sinn och eng Partie Stroossen iwwerschwemmt ginn, an dat net ze knapps.

Biller vun Déifferdeng
D'Stroosse sinn deels iwwerschwemmt.
Interview mam Jacques Pan
Hien huet e Restaurant zu Déifferdeng.

Och zu Péiteng ass plazeweis quasi eng Baach iwwert d'Stroosse gelaf.

Zu Péiteng si plazeweis Baachen iwwert d'Stroosse gefloss
Video vum Patrick Pereira.

An der "rue d'Athus" zu Lénger an der Gemeng Käerjeng stoungen ënnert anerem 3 Kelleren a Garage vun Appartementer ënner Waasser. Vill Autoe konnten net méi geréckelt ginn. D'Pompjeeën sinn um Sonndeg de Moien op der Plaz am Asaz gewiescht.

RTL

© RTL

Och d Strooss "an de Jenken" war betraff, wou vill Leit Waasser am Keller haten. D'Biedem wiere bannent kuerzer Zäit saturéiert gewiescht, heescht et vun der Plaz.

Am Raum Feelen soll d'Wiedersituatioun och schlëmmer gewiescht si wéi op villen anere Plazen am Land. An deem Eck vum Land huet virun allem de Wand grousse Schued ugeriicht. Ënnert anerem gouf den Daach vun enger Scheier ofgedeckt an ass e puer Meter weider an der Strooss gelant.

Éischte Bilan vum CGDIS

De Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder sot e Sonndeg de Moien um RTL-Mikro, dass éischten Informatiounen no keng Persoune beim Donnerwieder/Stuerm zu Schued komm sinn. D'Asätz ware virun allem wéinst iwwerschwemmte Kelleren, ëmgefallene Beem, respektiv Saachen, déi vum Wand lassgerappt goufen oder fortgeflu sinn.

De CGDIS war gutt preparéiert, duerch déi gutt Meteo-Previsiounen. D'Ekippe beim 112 goufen am Virfeld verstäerkt, fir déi sëllegen Appeller entgéintzehuelen. Et wieren der bal 3.000 bannent puer Stonne gewiescht, wat 4 mol méi wier, wéi op engem normalen Dag.

Géint 18 Auer goufen déi verschidden Zenteren uechter d'Land informéiert, dass déi Wiedersituatioun géif op de Grand-Duché duerkommen.

Am uergste betraff war de Süde vum Land, bestätegt de Paul Schroeder. Ronn een Drëttel vun allen Asätz wieren do gewiescht, hei virun allem zu Péiteng, Suessem an Déifferdeng.

Um Sonndeg de Moie koumen nach eng Partie Appeller um 112 eran, nodeems d'Leit dann opgestane sinn, an dann eréischt eventuell Schied festgestallt hunn. De CGDIS huet deemno nach weider vill ze dinn, och um Sonndeg.

De Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS zitt en éischte Bilan
Iwwer 630 Asätz hat de CGDIS bannent nëmmen e puer Stonnen. Et goufe keng Persoune verwonnt.

Kuerz no 11 Auer e Sonndeg de Moie war et d'Meldung vun der Waasserverwaltung, dass et aktuell keen Héichwaasserrisiko méi géif ginn, wouropshin d'Phase de vigilance opgehuewe gouf.

Fluchhafe war kuerz Zäit zou

Wéinst de Wiederkonditiounen hat Lux-Airport e Samschdeg den Owend aus Sécherheetsgrënn fir kuerz Zäit d'Aarbecht am Ground Handling ënnerbrach. Technesch war de Fluchhafen deen Ament zwar op an och Asazbereet, ma et gouf kuerz Zäit keng Offäerdegung gemaach. Dat huet Lux-Airport eis op Nofro hi matgedeelt.

Police: 190 Meldunge wéinst Verkéiersbehënnerungen - 20 Accidenter

Am Zesummenhang mat den Donnerwiedere goufen der Police vun e Samschdeg den Owend bis e Sonndeg de Moien 190 Tëschefäll gemellt. Gréisstendeels goung et ëm Verkéiersbehënnerunge wéinst Beem déi ëmgefall sinn, oder soss Saachen, déi an der Strooss louchen. Dat goufen nach ongeféier 20 Accidenter gemellt, bei deenen et beim Materialschued bliwwen ass.

Videoe vum Donnerwieder

Donnerwieder zu Zolwer
Am Süde vum Land huet et nawell uerdentlech gereent.
Zu Esch am Quartier Brouch huet et zolitt gereent
Video vum David Boultgen
Vill Reen a Loft
Biller vun der Cloche d'Or.
Zu Hënsdref
Och hei reent a blëtzt et.
Weidere Video vun Zolwer
Donnerwieder a Reen.
Bléck iwwer Jonglënster
Donnerwieder.
Biller vu Walfer
Och hei vill Reen an Donnerwieder.
Süde vum Wieder méi schlëmm betraff
Biller vun Diddeleng.
Och zu Rolleng bei Miersch reent a blëtzt et
Video vum Ben Felgen.
Bei Donkels
Video vum Adam Goncalves.
Video vum Marco Ewen
Vill Reen a Blëtzer.
Donnerwieder zu Miersch
Gefilmt vum Roland Miny
Vill Reen a Wand zu Berbuerg
Gefilmt vum Brigitte Colbett
Donnerwieder zu Keel
Gefilmt vum Andy B.

Virun 20 Auer: Alerte orange

Tëschent 20 Auer e Samschdeg den Owend an Hallefnuecht kéinte kräfteg Donnerwieder iwwert d'Land zéien, begleet vu vill Reen - et kéinte bannent kuerzer Zäit 30 bis 40 Liter op de Metercarré erofgoen- et muss mat Donnerwieder gerechent ginn an et gëtt e lokale Risiko fir Stuermstéiss vu bis zu 100 Kilometer an der Stonn. Dat seet de Luca Mathias vu Meteolux.

Luca Mathias vu Meteolux (1)

D'Cellule d'Evaluation du risque intempéries huet decidéiert, eng Alerte orange erauszeginn. Dës Cellule, an där den Haut-Commissariat à la protection nationale vertrueden ass, mä och Meteolux, de CGDIS an d'Waasserwirtschaftsamt, war e Samschdeg am spéiden Nomëtteg eng weider Kéier beieneen, fir ze kucken, wéi sech déi verschidde Wiedermodeller entwéckelt hunn. Déi weisen net eendeiteg, wat do an den nächste Stonne geschitt, explizéiert de Luca Mathias.

Luca Mathias vu Meteolux (2)

Et gëtt e Risiko vu vill Reen a kuerzer Zäit, wat dozou féiere kéint, datt a klenge Baachen d'Waasser séier klëmmt an et esou lokal zu Iwwerschwemmunge komme kann.

Et ass verständlech, datt d'Leit de Samschdeg den Owend iergendwou wollten op enger Terrass sinn, doheem oder awer och vläicht op engem vun deene villen Evenementer, déi dorëmmer organiséiert ginn, mä ass et verstänneg sech den Owend am Fräien opzehalen?
 
D'Autoritéite maachen en Appell un d'Leit, gutt opzepassen. Op wat soll ee besonnesch uecht ginn?

Luca Mathias vu Meteolux (3)

Et wier verstänneg d'Wieder am A ze behalen a wann een et héiert donneren, soll ee sech a Sécherheet bréngen. Wéinst Blëtz a Wandstéiss wier et am beschten, sech bannen opzehalen.

Et soll ee kee Schutz ënnert engem Bam sichen an och net an de Bësch spadséiere goen. Wann ee ronderëm d'Haus Saachen huet, déi kéinte fortfléien, soll een déi och ënnerdaach huelen.

Wéinst de Wiederkonditioune sinn och schonns eng Partie Evenementer ofgesot ginn. Hei fannt Dir den Iwwerbléck.

D'Cellule d'evaluation du risque intempéries huet am Laf vum Samschdegowend eng SMS erausgeschéckt, fir virun den Donnerwieder ze warnen. Déi SMS huet awer net jidderee kritt. Dofir hei nach emol de Message, dee verschéckt ginn ass.

RTL

Aschätzunge vum Meteorolog Lars Dahlstrom um Samschdeg de Moien am RTL-Interview

De Meteorolog Lars Dahlstrom (Kachelmannwetter) am Interview um Samschdeg de Moien

De Meteorolog vu Kachelmannwetter bestätegt, dass um Samschdeg den Owend eng gréisser Donnerwiederfront via Frankräich op eis duerkënnt. Lassgoen dierft et géint 20, respektiv 21 Auer. Mat de Wiedere kéim dann och nawell heftege Reen erof. Do kéinten 20 bis 40 Liter pro Quadratmeter zesummekommen, lokal méiglecherweis och souguer 60 Liter. Deemno muss ee mat Iwwerschwemmunge rechnen.

Dat ganzt kënnt dann a Kombinatioun engem Stuerm, dee lokal och Orkan-Stäerkte kéint hunn. Domat verbonne sinn dann och Knëppelsteng méiglech.

Et wier déi bis elo gréissten Onwiederfront fir dëse Summer, déi iwwert de Grand-Duché wäert zéien. Et muss een dovunner ausgoen, dass Kellere wäerten iwwerschwemmt ginn a Beem erausgerappt ginn. All d'Modeller géifen drop hiweisen.

D'Kärgebitt zitt warscheinlech ëstlech u Lëtzebuerg erlaanscht, also wäert éischter d'Saarland, d'Pfalz, Rhein-Main-Gebitt an d'nërdlecht Baden-Württemberg am schrooste getraff ginn. Hei ass et den Appell vum Meteorolog Lars Dahlstrom, op kee Fall z.b. op e Public Viewing ze goen, fir de Futtball-EM-Match tëscht Däitschland an Dänemark ze kucken. Dat wier "liewensgeféierlech", esou de Meteorolog.
 
Duerch d'Donnerwiedere wäerten dann och d'Temperaturen um Sonndeg falen. Et kann een um Sonndeg mat 17 bis 22 rechnen, wou um Samschdeg nach 25 bis 30 Grad dra sinn. Et wäert déi kommend Woch dann e Mix aus Sonn a Wolleke ginn, geleeëntlech eng Schauer, ma Donnerwiedere wäert et keng ginn.

E Samschdeg war d'Cellule d'évaluation du risque intempéries schonns zweemol zesummen, fir d'Wiedersituatioun z'evaluéieren. An där Cellule sinn ënnert anerem Vertrieder vum Haut-Commissariat à la Protection nationale, Meteolux, vum CGDIS an dem Waasserwirtschaftsamt.

Wann een also plangt, e Samschdeg den Owend ze grillen oder d'Futtball-EM um Public viewing ze kucken, behaalt dat mam Donnerwieder am Hannerkapp. Am Fall wou, wier et do méi sécher, et géif een doheem bleiwen.

Wiederfräsch