Nieft dem Public Viewing an der Stad um 21 Auer ass och de Concert zu Mamer ofgesot. Hei fannt Dir den Iwwerbléck.

Meteolux huet jo eng Alerte orange fir e Samschdeg den Owend erausginn, dorop haten eng Partie Organisateure reagéiert.

Déi Responsabel vun der Stad Lëtzebuerg hu mategedeelt, dass de Match vun der Futtball-EM vun de Samschdeg den Owend 21 Auer net um groussen Ecran iwwerdroe gëtt. Wéinst der aktueller Wiedersituatioun wär et ze vill geféierlech an onverantwortlech, de Public Viewing um Stater Glacis z'organiséieren.

Dat nämmlecht gëllt fir de Future Talent Stage an der Stad.

Opgrond vun der Alerte orange vu Meteolux huet d’Gemeng Mamer de Concert vum Tom Gaebel mam Luxembourg Jazz Orchestra e Samschdeg den Owend um 20.30 Auer ofgesot.

De Schäfferot vun der Gemeng Conter huet d'Depeche Mode Tribute Show, déi am Kader vum Kultursummer zu Mutfert sollt sinn, wéinst de Wiederkonditiounen annuléiert.

Um Siren's Call gouf de ganze Set vun der Haaptbün no vir geluecht an dono ass alles bannen am Melusina weidergaangen.

Wéinst de Wiederkonditiounen gouf och d'Operette 'An der Schwemm' zu Wolz ofgesot.

Géint 22.30 Auer koum dunn d'Nouvelle, datt och de Findel zou ass an d'Flich deviéiert ginn. D'Fligere vu Paräis a Calvi goufen op Léck deviéiert an Dubrovnik an Zadar op Frankfurt. Kuer no 23 Auer war et dunn awer d'Nouvelle, datt de Findel nees op wier.

RTL

© Christophe Hochard