An engem anonymme Bréif hunn d'Sozialaarbechter kritiséiert, datt ze vill Leit, déi op der Strooss liewen oder en Drogeproblem hunn, am Stach gelooss ginn.

Den DP-Minister Hahn huet am RTL-Interview Versteesdemech fir d’Kritik vum Secteur gewisen. Et wär och säi Wonsch, fir méi Strukturen opzemaachen an och méi klenger vun 10 Better zum Beispill an dat net nëmmen an der Stad Lëtzebuerg. A méi klenge Strukture wär och méi eng effikass Sozialaarbecht méiglech. Et kéint een ni genuch Better hunn.
 
D’Demande wär effektiv méi grouss ginn, d’Sensibiliséierung fir de Sujet och. Et wär een all Dag beméit, fir d’Situatioun um Terrain ze verbesseren. Rezent wären zwou nei Strukturen zu Hollerech an zu Berbuerg opgaangen an anerer géifen nokommen.

D’Gemenge sinn opgeruff, matzehëllefen an zum Beispill eidel Gebaier ze proposéieren. Hie wär frou iwwer all Input, ënnersträicht de Max Hahn, a wa méi iwwert de Sujet geschwat géif ginn, wär et och fir hie méi einfach fir dobaussen Ënnerstëtzung ze fannen.