Sozialbüroen iwwer Problemer bei Loyerssubventiounen
Déi staatlech Hëllef fir Leit mat nidderegem Revenue, déi iwwer e Véierel vun hirem Akommes fir de Loyer ausginn, bereet de Concernéierte vill Suergen.
80 Prozent vun deenen, déi se ze gutt hunn, froe se iwwerhaapt emol net un. D'Sozialbüroe warnen, datt nieft komplizéierte Prozeduren a laangen Delaien och Recalculle fir d'Leit zum Problem kënne ginn.
4 bis 6 Méint géingen d'Leit aktuell waarden, bis si eng Äntwert op hir Demande fir d'Loyerssubventioun kréien - eng Demande, déi all Joer nei gemaach muss ginn, mat dann ëmmer nees laangen Delaien.
"On a l'impression dans les services sociaux que les services sont un peu submergés par le nombre de demandes et qu'ils n'arrivent pas nécessairement à suivre par rapport au dossier", seet den Direkter vum Escher Sozialbüro Marc Josse.
All Verännerung un hirer Situatioun mussen d'Leit matdeelen. Wa si da manner Hëllefen ze gutt hunn, musse se dat, wat se ze vill krute rembourséieren, iert nei Hëllefe bezuelt ginn. Dat géing vill Leit a schwiereg Situatioune bréngen. D'Entente vun den Office sociaux huet eis anonymiséiert Beispiller zoukomme gelooss, déi d'Situatioune vun de Leit beliichten - agelies a resuméierter Form vun der Redaktioun.
"Eng Koppel mat 2 Kanner. Si kréien de Revis an d'Loyerssubventioun. De Mann schafft an engem Travail d'Utilité Collective. D'Fra fänkt am Januar 2023 u mi-temps a sou enger Aarbecht ze schaffen. Am Juli 2023 maache si eng nei Demande fir d'Loyerssubventioun, kréien awer keng Äntwert. Am August freet d'Assistante sociale no a kritt gesot, den Dossier wier komplett an d'Famill géing geschwënn eng Äntwert kréien. 8 Méint méi spéit, am Mäerz 2024, kritt d'Famill e Bréif, datt hir Loyerssubventioun op den 1. August 2023 gestoppt gouf."
"Eng Koppel mat 3 Kanner kritt 2021 de Revis an eng Loyerssubventioun. Dat Joer drop verbessert sech d'finanziell Situatioun, de Mann fänkt u mi-temps an engem Travail d'Utilité Collective ze schaffen, e puer Méint méi spéit och d'Fra. 2023 gi si op 30 Stonnen d'Woch erop. Am Februar 2023 kréie si e Bréif, datt hir Loyerssubventioun gestoppt gëtt, wougéint si Recours aleeën. Ee Joer méi spéit, am Mäerz an Abrëll 2024, gëtt d’Famill per Bréiwer opgefuerdert, d’Loyerssubventioune vu Mäerz bis Dezember 2022 zréck ze bezuelen. Et geet ëm 3.700€."
"Eng Famill mat 2 Kanner, de Mann schafft Pleintemps, si kréien e Complément Revis an eng Loyerssubventioun. 2023 schafft d'Fra 5 Méint Deelzäit an engem Travail d'Utilité Collective. D'Famill kritt doduerch kee Revis méi, mee d'Fra kritt d'Allocation d'activation. No engem Recalcul vun der Loyerssubventioun krut d'Famill an där Zäit, an där d'Fra geschafft huet 1.800€ ze vill. D'Fra huet duerch den Travail d'Utilité Collective 1.160€ méi verdéngt wéi mam Revis. Ënnert dem Stréch verléiert d'Famill awer Suen, well si 1.800€ un de Logementsministère rembourséiere mussen."
Souwuel d'Sozialaarbechter wéi d'Leit selwer géingen deels onhéiflech geäntwert kréien, wa si eppes nofroen. Zum Deel géingen d'Leit och elo eréischt Recalculle kréien, fir Hëllefe vun 2022 zréckzebezuelen. Och wann d'Leit theoretesch d'Méiglechkeet hätten, fir d'Recalcullen z'antizipéieren, andeems se en entspriechenden Online-Tool benotzen, hätte se net onbedéngt dee Reflex oder géingen och mol eppes vergiessen, seet de Marc Josse.
"C'est important de garder en tête, qu'on est tous humains, on oublie tous quelque chose, et quand on vit une situation particulièrement difficile, les oublis peuvent être plus fréquents, et ce n' est pas une mauvaise intention."
An da musse si e puer Dausend Euro op ee mol rembourséieren.
"Mais en réalité, c'est même pas vraiment un effort. C'est à dire, c'est impossible pour eux. C'est complètement impossible dans le sens où, à la fin du mois, ils ont, et je fais beaucoup de calculs par rapport au reste à vivre des personnes qui demandent des aides, ils ont souvent des sommes négatives."
Wéi eng Léisunge gesinn d'Sozialbüroen dann?
Et misst verhënnert ginn, datt Leit Hëllefen, déi se ze gutt hunn net kréien, well se dat, wat se ze vill kruten, net kënnen zréck bezuelen. Dofir misst de System geännert ginn, seet de Marc Josse.
"Il faudrait fonctionner plutôt par un système de déconseillement. C'est à dire, de dire, ben voilà, on va décompter les mois qui étaient dus, avec en fait le trop perçu que vous avez reçu, on fait le décompte, et vous recevez la somme, ou plutôt, oui, simplement la soustraction entre la somme due et, dans un sens, par rapport à l'autre."
Méi allgemeng wier et ideal, wann all d'Hëllefe fir Leit a Stéit mat niddregem Revenu an enger Kéier kënne gemaach ginn a beim Fonds national de Solidarité géingen zentraliséiert ginn.
Am Februar haten de Liser an d'Chambre des salariés eng Etüd verëffentlecht, an där et ëm d'Fro geet, firwat Leit, déi hëllefen ze gutt hunn, se net kréien – net just d'Loyerssubventioun, ma och aner staatlech Hëllefen. Dora gi vill Beispiller detailléiert, wéi eng Erausfuerderunge sech fir déi concernéiert Leit stellen, a Léisungspisten opgezeechent.
Logementsminister Claude Meisch reagéiert
E Grond wisou esou vill Mënschen, déi fir eng Loyerssubventioun eligibel sinn dës net ufroen, ass dem DP-Logementsminister Claude Meisch no, hir Onwëssenheet. Vill Leit wéisten net, wéi generéis déi Systemer wieren, an datt ee kéint bis zu engem mëttlere Revenu Hëllefe kréien. Weider Informatiounscampagnë sollen op deem Punkt an Zukunft nach méi Kloerheet schafen.
Fir de laangen Delaie bei den Demanden no Loyershëllefen entgéintzewierken, wier een dobäi, d’Systemer ze digitaliséieren. Dat wier natierlech kuerzfristeg net méiglech. Fir dass een awer net all Joer misst déi selwecht Dokumenter erareechen, géing gekuckt ginn a wéi wäit et méiglech ass, Datebanken ze vernetzen. "Dass mer iwwert de Computersystem herno kënne feststellen, ob d'Grondinformatiounen nach ëmmer déi selwecht sinn", sou de Minister.
Wa sech nämlech eppes un der finanzieller Situatioun vum Stot iwwer d'Zäit ännert, kann dat fir eng Famill negativ Konsequenzen hunn, wéi d'Beispiller hei am Artikel weisen. Esou eng Situatioun géing net entstoen, wann een dat géing direkt bei der Aide au Logement mellen, ënnersträicht de Minister. Ma wann dann awer géing ze spéit opfalen, dass ze vill Suen ausbezuelt goufen, kéint et mol passéieren, dass substanziell Montante missten zréckbezuelt ginn. "Mee dobäi si mer awer flexibel a kulant. Dat ka bis op ee Joer gestreckt ginn, datt pro Mount dann e méi bescheidene Montant muss zréckbezuelt ginn", betount de Claude Meisch. Doriwwer eraus wier ee sech bewosst, dass all d'Acteuren aus dem soziale Beräich an Zukunft misste méi enk zesummeschaffen.