Den Inneminister Léon Gloden huet op en Neits eng Nominatioun vun engem Gemengerot annuléiert. D'DP-Sektioun Sandweiler reagéiert elo an engem Schreiwes.

Nodeems e Mëttwoch bekannt gouf, datt den Inneminister Léon Gloden no engem Fall an der Gemeng Hesper och an der Gemeng Sandweiler eng Nominatioun vun engem Gemengerot annuléiert huet, huet um Donneschdeg den Owend d'DP-Sektioun an der Gemeng Sandweiler Stellung geholl.

D'Annonce fir de Poste wier "zouginn feelerhaft" gewiescht, ma et kéint een de mediale Wierbel ronderëm d'Annulatioun och net "onwiddersprach hinhuelen". Am Schreiwes kritiséiert d'DP-Sektioun, déi an der Gemeng Sandweiler vun der LSAP-Buergermeeschterin Jacqueline Breuer ënnert anerem den Éischten an Zweete Schäffe stellt, virop d'Oppositiounsparteien CSV an déi Gréng.

"Amplaz eegen Iddien ze entwéckelen, ginn all bürokratesch Knëppel aus dem Sak gezaubert, fir d'Aarbecht vum LSAP/DP-Schäfferot ze behënneren", heescht et am Communiqué. Et hätt ee "formalen", "reng juristesche" Feeler ginn, duerch deen eng Plaz fir een Architekt mat Master ausgeschriwwe gi war, déi dunn awer un een Ingenieur an der Ëmweltwëssenschafte gaange wier. Dësen Ëmstand géif awer näischt un der "onbestriddener Qualifikatioun vum Kandidat" änneren.

Zum Hannergrond: d'Gemeng Sandweiler hat Enn Juni ee Fonctionnaire an der Karriär A1 fir de Service technique provisoresch nominéiert. Ausgeschriwwe war de Poste fir e Master an der Architektur, Urbanismus an Aménagement du territoire. D'Persoun, déi mat de Stëmme vun der LSAP-DP-Majoritéit zréckbehale gouf, hätt allerdéngs e Master an der Ëmweltplanung an der sougenannter Ingenieur-Ecologie gehat, haten déi Gréng zu Sandweiler kritiséiert.

D'Oppositiounspartei hat dowéinst formell am Inneministère reklaméiert. Virun allem well sech - hirer Meenung no - op d'mannst ee Kandidat fir de Poste gemellt hätt, dee genee déi Konditiounen erfëllt hätt, déi gefrot waren. Den Interieur ass wéi gesot zur Konklusioun komm, datt de Kandidat net de Critèren entsprach huet an huet d'Nominatioun dowéinst Uganks des Mounts annuléiert.