An der Uertschaft vill Trafic an uewen op der Kopp Shoppingzenteren an eng geplangten Industriezon: Dat ass Miersch.

Wou bei déi aktuell 10.500 Awunner der nach Dausenden déi nächst 10 Joer bäikomme wäerten. D‘Mierscher Geschäftsleit gesinn de Wuesstem an hirer Gemeng als Chance. An eiser Serie iwwer Commercen am Land ware mir och op Miersch.
 
Zu Miersch gëtt et een uewen an een ënnen. An ënnen am Stadkär gëtt et zanter 72 Joer dësen Dammebuttek. E Vollblutt Familljebetrib. Als Patron an zweeter Generatioun huet de Jean-Paul Herber e gutt Gespier dofir, wéi et dem Mierscher Commerce anno 2024 geet:
 
„Miersch ass amgaang sech ze erneieren. Eng nei Geschäftsstrooss entsteet. Déi nei Bréck gëtt gemaach, grad ewéi Parkplazen an nei Wunnquartieren. Miersch gëtt eng flott Stad fir ze wunnen an awer och fir anzekafen. Dofir wär ech frou, wann nach jonk dynamesch Geschäftsleit sech géifen hei néierloossen. Et ass nämlech ëmmer wichteg, dass de Client alles op enger Plaz kritt. E soll net ze vill hin an hir jauwe mussen.“
 
Jauwen ass zu Miersch mat sengem dichten Duerchgangstrafic kee grousse Pleséier. De President vun de Geschäftsleit fënnt net, dass dat en Nodeel ass.

De Patrick Kops:

Mir hunn effektiv keng Foussgängerzon ewéi aner Stied. Dat kéint ee bedaueren. Mä d‘Geschäftsstrooss gouf méi gemittlech gemaach. Et ass méi Plaz fir Foussgänger a Vëlo, mä den Auto ass weider wichteg.“
 
A Parkingen – dat kann ee soen – huet Miersch der net wéineg. Scho guer net uewen um Mierscher Bierg. Virun 30 Joer huet deen éischten Shoppingzenter opgemaach. Duerno ass de Site no an no, awer konsequent gewuess, a wäert dat weider maachen. Hannenaus a Richtung Rouscht sidele sech geschwënn 45 Betriber un. De Patrick Kops, President vun der Union Commerciale Mersch:
 
"Där op 30 Hektar an et wäerten ongeféier 1.200 bis 1.400 Aarbechtsplazen do entstoen.“
 
Potenziell Clientèle och fir d‘Nadine Meis-Fromes déi en Optikerbetrib iwwerholl hat. De Buttek am Duerf huet si net méi. Si konzentréiert sech bewosst op d‘Geschäft am Shoppingzenter:

„Hei uewen kommen d‘Leit vun iwwerall. Doënnen sinn et éischter d'Mierscher Leit. Geschwënn entsteet warscheinlech och e grousse Sportzenter. Wann do d‘Elteren hir Kanner hiféieren, komme se och eventuell heihinn hir Kommissioune maachen a shoppen.“
 
Méi Sécherheet an der Grande-Surface direkt nieft der Autobunn. Vu Konkurrenz oder souguer Jalousie tëscht de Geschäftsleit uewen an deenen ënnen wëll een awer näischt wëssen. De Geschäftsmann Jean-Paul Herber seet:

„D‘Shoppingzenteren gehéieren haut einfach zum Commerce. Et muss ee Synergien schafen. Wann d‘Leit hir Kommissiounen an engem Supermarché maachen, wëlle se eventuell eng perséinlech Berodung a Saache Moud. An da komme se bei eis.“
 
Miersch wäert weider wuessen. U potenzielle Cliente feelt et net. D‘Mierscher Geschäftsleit musse se just an d‘Butteker kréien.