Vill Clienten am héijen Norden
An eiser Serie iwwer d'Commercë gi mer dës Kéier op d'Erausfuerderunge vum Eenzelhandel zu Clierf an.
De Commerce huet et ëmmer méi schwéier: Online-Handel, grouss Shopping-Zenteren an d’Inflatioun maachen et grad klengen Independanten ze schafen. An eiser Serie iwwer den Eenzelhandel hei am Land, kucke mer dës Kéier op eng kleng Stiedchen héich am Norden: Mir fueren op Clierf.
Clierf huet vläicht net déi längsten Akafsstrooss hei am Land. Clierf ass och net déi eelsten Stiedchen, mee Clierf huet vill aner Atouten. Hei eng Partie Aussoen iwwer Clierf, déi mer op der Strooss agefaangen hunn:
"Éischt Saach: Clierf ass e Bijou. Et ass den schéinsten Eck am Norden."
"Vill Geschäfter, Restauranten, eng schéin Foussgängerzon, d’Schlass, d’Klouschter mat de Pateren, schéin Wanderweeër."
"Frëndleche Service. Et gëtt gutt z’iessen. D’Schlass. Et gëtt vill ze kucken. Schéin Natur. Jo, eng schéin kleng Stiedchen."
"Puer nei Geschäfter hu mer elo gesinn, vu dass mer schonn eng Zäitchen net méi hei waren. Da ginn mer duerno eraluussen, wat déi eis unzebidden hunn."
"Clierf ass eng Uertschaft, wou nach Leit liewen a wunnen an net eng Wiss, wou just Geschäfter sinn. Hei begéint ee Kolleegen a Frënn, Geschäftsleit, déi mat engem schwätzen. Eng Auswiel, déi zwar besser kéint sinn, mee awer nach gutt ass."
Konkurrenz vun der Shopping Mile "Nordstrooss"
Natierlech ass déi sougenannt Shopping Mile "Nordstrooss" zu Maarnech, déi ëmmer weider wiisst, eng Konkurrenz, mee d’Clierfer Geschäftsleit schloe sech trotzdeem ganz gutt.
Den Dominique Greth, Direkter vum Nick’s Diecast Corner: "Ech verkafen hei Moossstaf-Modeller an Dekoratiounsartikelen. Alles, wat mat Autoen ze dinn huet. Ech hu viru Jore mäin Hobby zum Beruff gemaach an ech sinn immens zefridden, dass hei zu Clierf d’Clientèle sou grouss ass an dass et sou leeft, wéi ech mer dat virgestallt hat."
Och d'Anne Allard, Patronne vun der Bäckerei "Beim Luss" ass ganz zefridden: "Mir sinn am Summer. Et ass Héich-Saison. Mir hunn Touristen aus dem Ausland. Och lokal Touristen. Also déi lescht 4-5 Woche kënnen mer net kloen. Et leeft tipptopp."
8 vun 50 Commercë stinn eidel
E klenge B-Mol gëtt et natierlech och. Et ass den nämmlechten iwwerall uechtert d’Land: vun der Stad bis op d’Musel. An och am Éislek, erkläert den Yves Brever, President vum Clierfer Geschäftsverband: "Mer hunn den Ament bestëmmt eng 7-8 Lokaler, déi eidel stinn. An do musse mer wierklech kucken als Geschäftsverband mam City Management vu Clierf, mat der Gemeng a mat de Proprietäre vun Haiser, dass mer do eng gutt Léisung fannen, well dat kann net sou bleiwen, wéi et den Ament ass."
Allgemeng wier et aktuell net einfach, fir een eegent Geschäft opzemaachen. Dat hätt ganz verschidde Grënn: "Déi meescht Haiser sinn al. Et sinn och al Geschäfter. Deelweis waren d’Geschäfter och 150 Joer hei zu Clierf. Se hu keng Nofollger. An et ass och schwéier den Ament fir nach een ze fannen."
Wann ee méi schaffe wëll, awer net kann duerch Personalmanktem
Vill Kanner iwwerhuele spéiderhin net de Commerce vun den Elteren. Et gëtt Konkurrenz vum Online-Handel a vu grousse Shoppingzenteren. An donieft feelt et och nach hannen a vir u qualifizéierter Main d’oeuvre, erkläert d'Anne Allard, Patronne vun der Bäckerei "Beim Luss": "Ech sichen zanter Méint een Bäcker. An der ass einfach keen ze fannen an doduerch muss ech 2 Deeg zoumaachen, wou ech dann natierlech och meng Clientë verléieren, respektiv se komme manner. A fir meng Leit ass et natierlech och méi Stress, se musse méi schaffen."
"Wo ein Wille ist, ist auch ein Weg"
D’Anne Allard wäert an Zukunft mat anere Bäckereien zesummeschaffen, fir just mussen 1 Dag an der Woch zouzemaachen. An net 2. D’Clienten, déi wäerte sech definitiv freeën.