CMCM vs. ACA1. Ronn geet un d'Assurancëgesellschaften

RTL Lëtzebuerg
D'CMCM war am Ufank vum Joer quasi net méi aus der Aktualitéit komm wéinst internen Turbulenzen.

Parallel hat sech déi gréisste Mutuelle am Land awer och mat engem anere Secteur ugeluecht, an zwar deem vun den Assurancen. D’Associatioun vun den Assurancëgesellschaften ACA hat geklot, well d’CMCM an hiren Ae mat verschidden Assurance-Aktivitéite géint d’Gesetz iwwer d’Mutuellë géif verstoussen an och net den Obligatiounen ënnerworf wier, déi fir d’Bedreiwe vun deenen Assurance-Aktivitéite gëllen.

D’CMCM hätt sech also Aktivitéite ginn, déi hire gesetzleche Kader sprengen, esou d’ACA. An déi ACA krut elo um Verwaltungsgeriicht Recht. De Ministesch-Agrément fir d’Statute vun der CMCM gouf vum Geriicht annuléiert. Géint dat Urteel ass nach ëmmer Appell méiglech.

RTL-News: Assurancësecteur wëll Kloerheet bei den Zousazversécherungen

Back to Top
CIM LOGO