Politik fuerdert méi Policepresenz a weist op Geforen hin
Déi Gemengeresponsabel hu Versteesdemech dofir, datt net direkt intervenéiert gouf. Ma trotzdeem gouf et Kritik.
De Weekend war jo um Uewersauerstauséi eng méi lass. Bis zu 300 Persounen aus der Belsch an Holland haten an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg a bis spéit an de Sonndeg eran op enger Wiss net wäit vum Stau eng Rave-Party organiséiert. Een Dag méi spéit ass net méi ganz vill dovun ze gesinn. Ma déi Responsabel aus der Gemeng a vum Naturpark Uewersauer wëlle verhënneren, datt sech esou eppes an Zukunft widderhëlt.
Sou vill Leit veriere sech normalerweis net op de Bauschelter Bierg, ma dëse Weekend war beim Stau Party ugesot. Dobäi goung de Spaass vun den auslännesche Visiteuren op d'Käschte vun de Leit aus der Géigend, déi de Kaméidi déi ganz Nuecht héieren hunn. D'Police war zwar present, huet aus Sécherheetsgrënn awer bis an de Sonndegnomëtteg gewaart, bis se agegraff huet. Dee Moment waren och méi Beamten op der Plaz, wéi an der Nuecht virdrun. Déi Gemengeresponsabel hu Versteesdemech dofir, datt net direkt intervenéiert gouf. Ma et ass awer d'Kritik, datt et generell u Policepresenz an der Géigend feelt, fënnt de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng Marco Koeune:
"Dat ass dee Problem, dee mer all Joer ronderëm de Stauséi diskutéieren, an eiser Stauséikommissioun, wou mer jo dacks Leit hunn, déi op d'Plage kommen an do de Batti erausloossen. Datt mer soen, mir brauche verstäerkt Patrullen, grad déi Zäit am Summer, wou bëssi méi ëm de Stauséi lass ass. Bei esou Saachen ass et natierlech ëmmer schwiereg, dat ass ganz sporadesch organiséiert, och hei hunn d'Duerfleit näischt matkritt, mol net, datt do Material an déi Bëschweeër gefouert gouf. Wat jo iergendwéi scho verwonnerlech ass, sou datt dat relativ gutt organiséiert ass."
Um Feld, wou d'Party organiséiert gouf, ass et um Méindeg nees ganz idyllesch. Op deen éischte Bléck ass et och iwwerraschend propper. Ma wann ee bëssi méi genee kuckt, da fënnt een awer nach genuch Iwwerreschter, déi am Fong näischt an engem Waasserschutzgebitt ze sichen hunn. Et sollt een net dramatiséieren, mee awer och net bagatelliséieren.
"Hei ass jo ee Paradebeispill dofir, wann eppes organiséiert gëtt, wou et kee Kader gëtt, da leeft een och Geforen. Dofir kann een hei och vu Gléck schwätzen, datt näischt geschitt ass. Och esou gutt wéi d'Intentioune sinn, wann ee liest, datt jo keen Dréck hei war, et wier näischt geschitt. Dach definitiv, et hätt eppes kéinte geschéien! Dowéinst versteet een dann och, firwat d'Politik respektiv firwat ee sech hei an der Regioun sou vill Méi gëtt, fir dat awer kontrolléiert an de Grëff ze kréien, well et dierf een d'Geforen net ënnerschätzen.", sou de President vum Naturpark Uewersauer Jeff Gangler.
Déi Responsabel vun der Stauséigemeng hunn dann och eng Plainte géint Onbekannt gemaach. Et wéilt een domadder ee kloert Zeeche setzen, datt een esou Partyen, déi net ugemellt sinn, an der Géigend net akzeptéiert. Och de Bauer, deem d'Feld gehéiert, mécht Plainte. Dat awer just, well hien net ëm Erlabnis gefrot gouf, well Schued hätt hie jo keen.