D'LSAP begréisst, datt d'Regierung eng Léisung wëll fannen, fir d'Caritas-Aktivitéiten trotz der Verontreiungsaffär um Liewen ze halen...

LSAP zu der Affär "Caritas" / Reportage François Aulner

Se bedauert awer, datt d'Partei zanter Ufank vum Mount keng Äntwerten op hir Froe kritt huet an d’Regierung wéineg géing kommunizéieren. Dat soten d'Vertrieder vun der gréisster Oppositiounspartei e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz.
 
Op ons Informatiounen ugeschwat, datt d'Caritas Entitéiten, déi vun der Fraude betraff sinn, liquidéiert ginn an d'Aktivitéite vun neien Entitéiten iwwerholl géinge ginn, sot den Deputéierten a Jurist Franz Fayot, datt et keng Schwieregkeet géing ginn, fir dat ze maachen. Allerdéngs géinge sech vill Froen iwwer d'Zukunft vun de Mataarbechter, de Partner, de Wunnengen an de Projete vun der Caritas stellen. Well et deels e gesetzleche "Vide" am Beräich vun Ofwécklunge vun ASBLe géing ginn, wier et natierlech e bësse "Gewurschtels", sou den LSAP-Deputéierten.

Den LSAP Deputéierten a Jurist Franz Fayot
D'LSAP huet e Freideg de Moien och eng Gesetzespropositioun presentéiert, fir op d'Verontreiungsaffär ze reagéieren

Hien an d'Deputéiert Bofferding an Delcourt soten iwwregens och, si géingen et "evident" fannen, wa Membere vun der Direktioun a vum Verwaltungsrot bei neien Entitéite vun der Charitéit net méi dobäi wieren. Och wann een net coupabel wier, wier ee responsabel, esou de Fayot.

Gouvernance stäerken

D'LSAP huet e Freideg de Moien och eng Gesetzespropositioun presentéiert, fir op d'Verontreiungsaffär ze reagéieren. Proposéiert gëtt, e 4-Aen-Prinzip bei Transaktioune vun iwwer 10.000 Euro gesetzlech ze verankeren. Bei Montanten iwwer 100.000 Euro kéime 4 Aen dobäi. Bei iwwer 500.000 Euro misst och de Verwaltungsrot Abléck hunn.

Domadder soll d'Gouvernance vu Fondatiounen an ASBLen, déi eng Konventioun mam Staat hunn, gestäerkt ginn an d'Vertrauen an de karitative Beräich nees hiergestallt ginn. Donieft huet d'LSAP Anti-Korruptiouinsklauselen an de staatleche Konventioune proposéiert. An datt d'Chamber de Rechnungshaff soll kënne beoptragen, fir konventionéiert ASBLen ënner d'Lupp ze huelen.

Hei de komplette Communiqué vun der LSAP!