Grupp Breuniger wëll Immobilien a Butteker verkafen
Direktioun vum Bram verséchert OGBL, dass keng Aarbechtsplazen a Gefor sinn

D'Direktioun vum Bram, deen zur Chaîne Breuninger gehéiert, déi soll verkaf ginn, hätt dem OGBL verséchert, datt keng Aarbechtsplazen a Gefor wieren.
Dat schreift den Onofhängege Gewerkschaftsbond en Donneschdeg an engem Communiqué. Däitsch Medien haten d'lescht Woch gemellt, datt d'Proprietäre vu Breuninger wëlles hätten, d'Geschäfter an d'Immobilien ze verkafen. Den OGBL bedauert, datt een eréischt duerch Press dovunner gewuer gouf. D'Direktioun vum Bram hätt d'Informatioune géintiwwer der Gewerkschaft weder confirméiert nach dementéiert.
Am meeschte gelies