Um Enn vum éischten Dag vun der Kreatioun vun der neier Asbl Hëllef um Terrain, huet de President vum Verwaltungsrot weider Explikatioune ginn.

Déi gutt Nouvelle vun en Dënschdeg wier, dass 324 vun 349 Employéë bis elo e Kontrakt mat der neier Asbl Hëllef um Terrain (HUT) ënnerschriwwen hunn, sot den Interimspresident vum Verwaltungsrot, de Christian Billon en Dënschdeg den Owend op enger Pressekonferenz. Just zwee Caritas-Mataarbechter hätte refuséiert, déi nei Kontrakter ze ënnerschreiwen. Déi aner wieren am Krankeschäin oder am Congé, besonnesch am Congé parental.

Hien hätt viru Minutte mat der Ekipp, iwwer Visio an op der Plaz geschwat, an hinne weider Explikatioune ginn, sot de Christian Billon op der Pressekonferenz. D'Leit wiere rassuréiert gewiescht an hätte Freedentréinen an den Ae gehat.
 
Op d‘Fro, wisou net konnt en Transfert fir d‘Entreprise vun der Cartias op HUT gemaach ginn, huet de Christian Billon op déi onsécher Situatioun am Ufank higewisen an dass een net wousst, a wéi eng Richtung et géing goen. "Wann der net wësst, wou et higeet, kënnt der keng Saach verspriechen, déi der net anhale kënnt. Dat wier nach méi schlëmm. Den eenzegen Objektiv dee mer haten, war d‘Plazen ze sécheren, Konventiounen ze kréien an d‘Kontrakter z‘ënnerschreiwen“, sou de Christian Billon.
 
Dass d‘Leit hir Kontrakter virum ënnerschreiwen net konnte mat Heem huelen, wier dann e Choix vun der Entreprise. An de leschten Deeg huet et dann dacks geheescht, dass Drock op d‘Mataarbechter gemaach gi wier, fir en neie Kontrakt z‘ënnerschreiwen, andeems se a leschter Minutt geruff gi sinn. "Si haten Zäit, mer hunn hinnen Zäit ginn. Et si Leit, déi waren zwou Stonnen do, fir hire Kontrakt duerchzeliesen. Anerer si komm an hunn eis gesot, mer sollen eis fläissen, well se endlech wéilten ënnerschreiwen“, sou de Christian Billon.

Eng vun den zwou Persounen, déi deen neie Kontrakt bei HUT net ënnerschriwwen hunn, ass den CSV-Politiker Paul Galles. An engem Interview mat RTL huet hie seng Decisioun erkläert.

"Et huet keen de Fanger ausgestreckt“ fir der Caritas ze hëllefen

Fir dass HUT kéint funktionéieren, hu musse Konventioune mam Staat ënnerschriwwe ginn. Dat hätt awer net bei alle geklappt. "Direkt vun Ufank u krute mer eng ganz negativ Äntwert, wat déi international Konventiounen ugeet“, huet de Christian Billon betount. Dat wier en enorme Schock gewiescht. Et hätt een sech nämlech enorm engagéiert, dass d‘Caritas Internationalis kéint weiderfueren.

Och den Äerzbëschof, deen Träger vun der Institutioun ass, hätt ee kontaktéiert, an aner Leit vum Terrain. Iwwerall wier eng negativ Äntwert komm. "Ech kann iech soen, et huet keen de Fanger ausgestreckt“, seet de President vun HUT. Um Enn sollte 50 Mataarbechter am Südsudan, 20 am Laos an 20 hei am Land hir Aarbecht verléieren. 5 Milliounen hätte gefeelt, wat gemaach hätt, dass d‘Aktivitéiten am Ausland direkt missten ophalen. Zu den 20 Mataarbechter hei am Land, déi hir Aarbecht verléieren, zielen och déi vum Plaidoyer politique.
 
Den Ament gëtt et bei "Hëllef um Terrain" weder e Generaldirekter, nach e Finanzdirekter oder e Personaldirekter. D‘Kompetenze wieren awer mat de Responsabele vun den Departementer do. Bei der Caritas huet d‘Direktioun aus véier Leit bestanen. An Zukunft soll dëst just nach eng Persoun sinn. Véier Direktere kéint een sech net leeschten, huet de Christian Billon ënnerstrach. Den Ament leeft eng Ausschreiwung fir d‘Plaz vum Direkter. Ob een an de Gebailechkeete vun der Caritas an der Rue Michel Welter op der Gare bleift ass nach net gewosst. D‘Fondatioun Caritas wéilt hei e Loyer froen. Well een net vill Suen hätt misst een sech ëmkucken.
 
De Christian Billon ass och drop agaangen, dass hir Kommunikatioun vill kritiséiert gi wier. Villäicht hätt et e bëssi u Kommunikatioun gefeelt, mee net komplett. Wou si vun der Caritas mandatéiert gi wieren, wieren si a kompletter Onsécherheet gewiescht, ob si mat der Regierung kéinte Konventiounen ënnerschreiwen. Deemno hätt een net vill kéinte Verspriechen. Vun Ufank un hätt ee mat den zwee Personaldelegatioune vu Caritas geschwat an et hätt een se ëmmer zesumme gesinn. De President vun HUT sot, dass hien net kéint verstoen, wéi hei eng Delegatioun kéint eppes anescht verstanen hunn, wéi déi aner. Fir bei HUT esou séier wéi méiglech eng Personaldelegatioun opzestellen, wier scho bei der Gewerbeinspektioun ITM eng Derogatioun gefrot ginn. Et wier een nämlech fir de Sozialdialog. "Et goufen absolut absurd Ënnerstellunge vum OGBL gemaach, deen eis accuséiert huet, kee Sozialdialog ze hunn“, huet de Christian Billon betount.
 
Bei HUT géing een elo mat der Aarbecht vu Caritas an allen Domainer weiderfueren a géint d'Prekaritéit am Land kämpfen. D'Roll vun HUT wier elo an éischter Linn dem Personal an de Beneficiairen nees Vertrauen erëm ze ginn.

Déi komplett Pressekonferenz vun HUT
324 Leit hunn nei Kontrakter ënnerschriwwen, zwou Persounen hu refuséiert.

Reaktioun säitens dem OGBL

Et ginn also kloer Reprochë vum President vum Verwaltungsrot vun HUT Christian Billon, dat virop géint den OGBL. 
Ma dee bleift bei senger Positioun. Dat sot den zoustännege Sekretär beim OGBL Smail Suljic de Moien am RTL-Interview.  Et wär Drock gemaach ginn op déi fréier Caritas-Mataarbechter fir bei HUT z'ënnerschreiwen. 
 
"Ech mengen och, wann een zwou Stonnen an engem Raum sëtzt an de Kontrakt iwwerliest, kann een net ëmmer eng Aschätzung maachen. Net all Mënsch ass Jurist. A wann ee gesot kritt, dass een net an e Foyer däerf schaffe goen fir de Leit ze hëllefen, wann een net ënnerschreift, dann ass dat e gudde Grond, fir z'ënnerschreiwen." 
 
Deemno hätt een als Gewerkschaft och Versteesdemech fir déi Leit, déi de Kontrakt trotz hire Warnungen ënnerschriwwen hunn. Dacks hätt da jo och finanziell Grënn, esou de Smail Suljic.

An tëscht hätt hien och eenzel Kontrakter liese kënnen. A sëllege Fäll wären d'Aarbechtskonditiounen duerch eng méi grouss Flexibiliséierung an den Aen vum OGBL och méi schlecht elo bei HUT. Dat kritiséiert den OGBL, a wäert Mataarbechter déi dat wëllen, och juristesch begleeden.