D'Situatioun am Lycée Josy Barthel war um Schluss vum Schouljoer Sujet an der Press, wéi do vu Malaise a schlechter Ambiance an der Schoul Rieds goung.

Den Educatiounsministère hëlt dës Reprochen eescht a setzt sech als Zil, d’Klima am Mamer Lycée ze verbesseren. Duerfir ginn e Coaching vun der Direktioun an eng Mediatioun virgesinn, grad wéi d’Aféiere vun enger Commission de gestion des plaintes.
 
D’Zil vun deene Mesurë wier et dem DP-Minister Claude Meisch no eng Kultur vum géigesäitegen Nolauschteren ze promouvéieren. Domat gëtt de Minister indirekt zou, datt et duerchaus Tensiounen am Lycée Josy Barthel gouf. E sozialen Audit soll et an enger éischter Phas net ginn.
 
Wat d’Zuel vun de Proffe betrëfft, déi de Lycée iwwert eng Demande de mutation verlooss hunn, sou louch dës fir d’lescht Schouljoer bei sechs, an iwwert déi dräi läscht Jore bei am Ganzen néng. Dëst wieren Zuelen, déi een och fir aner Lycéeë géif fannen, sou de Claude Meisch. D'Froen iwwert d'Ambiance am Mamer Lycée hat d'LSAP-Deputéiert Francine Closener gestallt, déi och Schäffen am Mamer Conseil ass.