Fir d'Land fir Zukunft an den demographesche Wuesstem opzestellen, sollen d'ëffentlech Investissementer héichgehale ginn.

13% vum Budget 2025 sinn hei virgesinn. En Iwwerbléck vun de wichtegsten Investitiounen an Infrastrukturen, Bauten an Transport. 
 
Besser Connectiounen, méi Confort, méi Capacitéiten: Zuch fuere soll méi attraktiv ginn, mat neien Zich wéi der Caradia Stream, awer och besseren Infrastrukturen.

An d'Gare périphérique vum Houwald, d'Süd-Entrée an d’Stad, wäerten iwwer déi nächst 4 Joer 113 Milliounen Euro investéiert gi fir Passagéier vun Zuch, Tram a Bus. Fir déi nei, 7 km laang Zuchstreck Beetebuerg-Lëtzebuerg mat hirer grousser Boubréck gi bis Enn 2028 105 Milliounen Euro investéiert. Fir de Pôle d’échange Ettelbréck sinn 52 Millioune virgesinn. D’Gare ass jo schonn a Stand gesat, gebaut gëtt awer nach de P&R Parking an d’Passagéier-Gebai.  

Investitiounen an Tram, Bus a Strooss 

Och den Tram gëtt weider ausgebaut. Am Mäerz d’nächst Joer soll e bis op de Findel fueren. 2026 soll en zweegleiseg mat der Cloche d’Or verbonne sinn. Geplangt sinn och zousätzlech Linnen. Dofir verdräifacht de Staat d'Dotatioun u Luxtram vu ronn 80 Milliounen dëst Joer op 220 Milliounen Euro am Joer 2028.  
 
D’Mobilitéit soll multimodal ginn, also iwwer verschidden Transportmëttel geschéien. An de Busreseau fléissen eleng d’nächst Joer 390 Milliounen Euro. De Staat investéiert awer och weider an d’Stroosseninfrastruktur. D’Dotatioun vum Fonds des routes klëmmt bis 2028 op 480 Milliounen Euro d’Joer. Ee groussen Deel dovunner geet an d’Erweiderung vun den Autobunnen A3 an A6 vun zwou op dräi Spueren.

D'Ariichte vun engem multimodale Korridor op der A4 gëtt op 236 Milliounen Euro geschat. De Chantier vum Contournement Housen ass schonn amgaangen, awer och d’Ëmgeeungsstroosse Käerjeng an Hesper, déi scho laang an der Diskussioun sinn, sinn am Budget virgesi mat 40 respektiv 13,5 Milliounen Euro.  

Ëffentlech Gebaier 

An de Bau vu Lycéeë fléissen iwwer déi nächst 4 Joer 740 Milliounen Euro. Och an d’Infrastrukture fir Wuelbefannen a Gesondheet gëtt investéiert. Fir d’Renovatioun vum Domaine thermal zu Munneref  si 116 Milliounen Euro ugesat.  
Fir de Bau an den Ausbau vu Spidolsinfrastrukture sinn eleng d’nächst Joer fir den Neibau vum CHL gutt 43 Millioune virgesinn. Fir de Chantier vum Südspidol vum CHEM 10 Milliounen Euro. Den Ausbau vun der Urgence vum Nordspidol CHdN ass op 8 Milliounen Euro ugesat. 
 
Vill Investissementer an Zukunft deemno, déi och enger Rei Baubetriber duerch d’Kris hëllefe kéinten. D’Hoffnung am Secteur ass, datt se séier ausgeschriwwe ginn.