Prozess ëm Mord mat HummerFra hätt no der Dot keng Emotioune gewisen, esou d'Poliziste viru Geriicht

Diana Hoffmann
Der Ugeklote gëtt reprochéiert, Ugangs 2022 hire Mann mat engem Hummer erschloen ze hunn, an hien dono an de Keller geschleeft ze hunn.

D’Bild vun engem ongléckleche Bestietnis huet sech duerch d’Aussoe vun den Experten e Méinden de Mëtten um Geriicht zu Dikrech gezeechent: En alkoholkranke 57 Joer ale Mann a seng deemools 38 Joer al brasilianesch Fra, déi vun him soll schikanéiert gi sinn. Zanter 9 Joer war d’Koppel, déi en Haus am klengen Duerf Heeschpelt hat, bestuet.

Mord zu Heeschpelt Hummer / Reportage Diana Hoffmann

De 7. Mäerz virun 2 Joer stoung d’Police op der Dier. De Mann, dee schlecht op de Bee war a just nach 61 Kilo gewien huet, war schonn zanter längerer Zäit net méi am Duerf gesi ginn. D’Fra huet deen Dag gesot, hie wier akafen. Wou d’Beamte méi spéit erëmkomm sinn, hu si en Tour duerch d’Haus gemaach. Hinnen ass eng Dier an der Kichen opgefall, virun där en Dësch stoung. “Dunn hu mer si gefrot, ob hire Mann do ënnen ass”, erënnert sech de Kommissär, deen op der Plaz war. Si sot “Jo”. Dunn hätt ee si gefrot, ob en dout wier. Och do hätt si op eng fir de Beamten distanzéiert an neutral Manéier “Jo” gesot. Am Keller konnte si dunn d’Läich vum Mann fannen. Dëse louch plakeg op enger mat Blutt vollgesaugten Decken an hat de Kapp ageschloen.

D’Beamtin vun der technescher Police huet da rekonstruéiert, wat sech deen Dag ofgespillt huet. D’Affer hätt um Bett gesiess, a wier vun hanne mat engem Hummer ugegraff ginn. Dëst géingen d’Bluttspueren, déi nees konnte visibel gemaach ginn, weisen. “Et ass kee klengen Hummer. Ech géing soen, en ass 1 bis 1,5 Kilo schwéier”, seet d’Beamtin, déi den Hummer mat an de Geriichtssall bruecht hat. Am ganze wier op d’mannst 6 Mol op de Kapp vum Affer ageschloe ginn. Dono wier hien op eng Decke geluecht ginn, a bis an de Keller geschleeft ginn. Fest géing och stoen, dass de Mann deen Ament nach gelieft hätt. Spuere géinge weisen, dass hie sech am Keller nach beweegt hätt.

Bannt den éischte Stonne vun der Geriichtsverhandlung ass dann och nach net kloer ginn, wéini genee de Mann verstuerwen ass. Sécher ass, dass vum 14. Februar un d’Fra Messagë mat dem Handy vun hirem Mann geschéckt huet. Dëst wier un de Schreiffeeler z’erkenne gewiescht. An den Deeg an de Wochen no der Dot hätt d’Fra op hirem Handy de Kontestand gekuckt. Hätt sech och Vakanzen ugekuckt an sech no Haiser a Brasilien ëmgekuckt.

Och de Kommissär en Chef gouf als Zéie gehéiert. Hien hat d’Fra den Dag vun der Verhaftung befrot. D’Fra hätt ouni Ausschwäifungen erzielt, wat passéiert wier. Et géing och kee Grond ginn, dorunner ze zweiwelen, dass et net wouer wier. Si hätt awer och gesot, dass et virun der Dot en Tëschefall ginn hätt, bei deem hire Mann si mat engem Messer menacéiert hätt. Dono wier hien awer an d’Schlofzëmmer gaangen, wou hie vun der Fra ugegraff gouf. Si sot och, dass hire Mann si dacks verbal a kierperlech attackéiert hätt, an dass hie permanent besoff gewiescht wier. Reegelméisseg goufen et dann och schonn Interventioune vu Police a CGDIS bei der Famill. Ënner anerem, well si hire Mann an de Keller agespaart gehat hätt. Bei enger Interventioun huet d’Fra mat Dildoen op d’Pompjeeën geschoss. 11 Anträg ginn et an der Krankenakt vum Mann wéinst Alkoholkonsum.

D’Fra huet dann och nach gesot, dass si no der Dot reegelméisseg an de Keller kucke gaange wier, an hire Mann hätt nach gelieft. Si hätt en awer ausgedoe, dass him soll kal sinn, well hien hätt si och scho mol liicht bekleet ausgespaart gehat. Wisou si da keng Ambulanz geruff hätt, wollt de Vertrieder vum Parquet wëssen. Wärend hiren Aussoen hätt si gesot, dass si keng Kraaft dofir gehat hätt, erkläert den Ermëttler. “Keng Kraaft fir eng Ambulanz ze ruffen, mee fir Vakanzen an Haiser ze kucken”, sou d’Äntwert vum Procureur.

Wärend d’Experten hir Aussoe gemaach hunn, huet d’Fra aus Brasilien dann ëmmer nees dotëscht geschwat a gouf vun de Polizisten opgefuerdert, hiren Tour ofzewaarden. D’Fra ass korpulent a war gutt gekleet. Si hätt sech och dacks Luxusartikel op hirem Handy ugekuckt, huet et weider geheescht. Geschafft hätt si awer, op d’mannst zanter se bestuet war, net. D’Ierfschaft vum Affer wier elo agefruer, sou nach den Ermëttler vun der Police. Dat well si probéiert gehat hätt, d’Haus vum Affer ze verkafen.

De Prozess geet en Donneschdeg weider.

Och an dësem Fall gëllt wéi ëmmer d’Présomption d’Innocence fir déi Ugekloten.

RTL- News: Geriicht Dikrech - Fra soll Mann mat Hummer erschlo hunn

Back to Top
CIM LOGO