
Am Fréijoer virun zwee Joer gouf e Mann vu 57 Joer dout a sengem Keller fonnt. E Méinden de Mëtteg muss sech seng Fra wéinst Mord, Doudschlag a Blanchiment viru Geriicht zu Dikrech veräntwerten.
Et war méindes de 7. Mäerz 2022 wéi owes en Appell bei der Police agaangen ass. En Awunner vun Heeschpelt wier schonn zanter zwou Wochen net méi gesi ginn. Bei hirer Enquête hunn d’Beamten d’Läich vum Mann am Keller vu sengem Haus fonnt.
Éischt Ermëttlungen hunn drop higewisen, dass et sech net géing ëm en natierlechen Doud handelen. Seng 38 Joer al Fra gouf verhaft an eng Autopsie vum Affer an d’Weeër geleet.
Der Fra gëtt reprochéiert, hire Mann mat engem Hummer erschlo ze hunn. Och d’Uklo vum Blanchiment steet am Raum, well si soll probéiert hunn, d’Haus nom Doud vun hirem Mann ze kréien. Eng weider Fro, déi also soll gekläert ginn, ass, ob dëst kéint d’Motiv vun hirer Dot gewiescht sinn.
Och an dësem Fall gëllt wéi ëmmer d’Présomption d’Innocence fir déi Ugekloten.
De Prozess ass op 3 bis 4 Deeg ugesat.
Parquet Dikrech: Läich vu 56 Joer alem Mann zu Heeschpelt fonnt - wuel keen natierlechen Doud (9.3.22)
Ongekläerten Doudesfall zu Heeschpelt: Wat ass genee mam “Poli” geschitt? (12.3.22)