Et géing een op Kooperatioun an Transparenz setzen. D'Resultat misst jo net onbedéngt negativ sinn.

Bei der Piratepartei ass et e Mëttwoch zu enger Rëtsch Perquisitioune komm. Dat huet den europäesche Parquet RTL op Nofro hi confirméiert. De Piraten-Deputéierte Sven Clement huet dann en Donneschdeg de Moien als Invité vun der Redaktioun preziséiert, datt d'Enquêteuren esouwuel bei him doheem, wéi och bei anere Parteimemberen, der Partei an der politescher Sensibilitéit no Dokumenter respektiv Informatioune gesicht hunn. Grond fir d'Perquisitioune sinn Onkloerheete ronderëm d'Finanzéierung vun der Iwwersetzungsapp MALT. Bei de Piraten setzt een op Kooperatioun mat den Autoritéiten an et gesäit een esouguer eng Chance an der Enquête.

Reaktioun no Perquisitioun bei der Piratepartei / Reportage Mard Hoscheid

Deelweis schonn an de ganz fréie Moiesstonne waren d'Beamte vun der Lëtzebuerger Police judiciaire am Optrag vum Europäesche Parquet op der Plaz. Ob se och bei him doheem waren, dozou wëll de Coordinateur vun de Piraten, Marc Goergen, léiwer näischt soen. D'Reaktioun vun de Mataarbechter vun der Partei an der Sensibilité politique beschreift hien esou:
 
"Eis Mataarbechter waren natierlech erschreckt, wéi op eemol d'Police bei der Dier stoung. Virun allem, well se guer näischt domadder ze dinn hunn. Dat Ganzt geet op 2016 zeréck, déi Leit, déi lo an der Partei sinn, déi hunn näischt domadder ze dinn. Dat heescht, och déi Froen, déi d'Police un d'Mataarbechter gestallt huet, si konnte guer net drop äntweren, well se deemools guer net do waren."
 
Et géing een op alle Fall op Kooperatioun an Transparenz setzen. D'Resultat misst jo net onbedéngt negativ sinn.
 
"Et ka jo och sinn, datt bei der ganzer Enquête erauskënnt, datt d'Partei sech näischt zu Schold komme gelooss huet oder datt de Sven sech näischt zu Schold komme gelooss huet. Dat muss jo och nach ëmmer bewise ginn. Et schwätzt een  déi ganzen Zäit vun enger Schold, mee lo leeft mol eng Enquête, déi kuckt, schëlleg oder net schëlleg. Fir eis als Partei wier natierlech deen optimale Fall, wann herno rauskënnt, datt den Dossier MALT propper war an da kann een och rëm op deem Vertrauen opbauen."
 
Datt den Dossier MALT propper war, dorunner huet allerdéngs grad de Marc Goergen an der Vergaangenheet ëffentlech gezweiwelt. Géing hie sech dann deemno wéi beim Sven Clement entschëllegen?
 
"Also ech weess net, firwat ech mech géing entschëllegen, well ech hunn einfach déi Informatiounen, déi hien der Parteileedung ginn huet, zu deem Zäitpunkt, hu mir einfach der Police weiderginn."
 
Parallel zur Enquête vum Parquet préift iwwregens och de Rechnungshaff den Dossier MALT. Dat op Demande vun der parlamentarescher Budgetskontrollkommissioun.