Et wier eng Victoire fir d'Transparenz an d'Sécherheet vun de Foussgänger, esou den Zentrum fir urban Gerechtegkeet, kuerz ZUG.

Hei gouf et jo elo rezent en Urteel vum Verwaltungsgeriicht. An deem gëtt d'Stad Lëtzebuerg dozou verflicht, ZUG Dokumenter iwwert d'Sécherheet bei Foussgängersträifen zougänglech ze maachen an dës och um Internetsite vun der Gemeng ze publizéieren. Dat hat ZUG scho bal zanter dräi Joer gefuerdert.

Grond ass, datt ee bei ZUG dovunner ausgeet, datt 475 Zebrasträifen an der Stad net konform zum Stroossereglement sinn, well Parkplazen d'Vue vun de Foussgänger beanträchtege géingen. D'Stad Lëtzebuerg schwätzt par Konter vu grad emol 37 Plazen, wou dat de Fall wier. Déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer kommentéiert d'Virgoe vun ZUG an d'Urteel vum Verwaltungsgeriicht esou:

D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer

"Hei huet d'Stad Lëtzebuerg näischt ze verstoppen, dat hu mer vun Ufank un och deene Leit gesot. Ech hu se selwer empfaangen am Mariage-Sall, wou mer hinnen ugebueden hunn, si solle bei eis an de Service kommen, mir géingen hinnen alles weisen. Si hunn déi Offer net ugeholl an hunn et virgezunn, viru Geriicht ze goen a mir wäerten e Méindeg am Gemengerot ganz kloer dorobber zeréckkommen."

De Schäfferot hätt an der Fro, ob ee géint d'Urteel Recours aleeë wäert, schonn eng Decisioun geholl. D'Lydie Polfer wollt awer nach net verrode wéi eng, well ee fir d'éischt de Gemengerot informéiere wéilt.