Vum 1. Januar nächst Joer u kréie Patiente vu medezineschem Cannabis keng Bléie méi mat héijem THC dran.

Mëttelfristeg sollen iwwerhaapt keng Cannabisbléie méi kënne verschriwwe ginn. Dat huet d‘Regierung an d'Gesondheetsministesch Martine Deprez esou decidéiert. Iwwreg bleift d‘Optioun vum Cannabis-Ueleg. Ma genee dat selwecht ass dat awer net, seet den Expert. D'Maxime Gillen huet sech mam Hanf-Produzent Norbert Eilenbecker ënnerhalen.

Cannabis-Expert / Reportage Maxime Gillen

Bléien, déi gefëmmt ginn an Ueleg, deen aus de Bléie gewonne gëtt, sinn zwee verschidde puer Schong, fënnt den Norbert Eilenbecker. An der Reegel ass am Ueleg um Enn wäit manner THC dran, wéi an deene spezielle Bléien. Wéi vill iwwerhaapt däerf dra sinn, hänkt dann och dovun of, als wat den Ueleg klasséiert ass: als Medikament oder als Liewensmëttel, wéi den Norbert Eilenbecker erkläert.
 
"Well an de Liewensmëttel däerf praktesch guer keen, keng Spuere méi vun THC dra sinn, dat heescht 0,0000. Déi hunn nach e puer Nullen dertëschent elo gesat. An eisem kal gepressten Ueleg, wou an de Käre keen THC ass, wou et dann duergeet, datt e bësse Stëbs nach vun der Bléi vun 0,04% erëmhänken, dat ass a sech scho bal ze vill fir den Ueleg, also dat ass Blödsinn. Dat ass eigentlech richtege Blödsinn.“
 
Allgemeng hält hien och net vill vum Gesetz fir Cannabis fir de private Gebrauch. 
 
"Dat Gesetz, dat gemaach gouf, war awer och zimmlech aarmséileg, well fir och keng Grenze vum THC Gehalt ze setzen no uewen, fannen ech scho mol guer net glécklech. Also dat Gesetz, fir datt esou laang driwwer geschwat ginn ass, ass och, do ass och vill Loft no uewen."
 
A sengen Ae misst dat onbedéngt op europäeschem Niveau geléist ginn. Et wier jo elo schonn net ze kontrolléieren, a wann dann och nach déi eng Säit vum Floss aner Reegele gëllen, wéi déi aner, géif dat iwwerhaapt kee Sënn maachen. 
 
Den Norbert Eilenbecker betount dann och, datt een de Konsum vu Cannabis net sollt verdäiwelen. Gläichzäiteg dierften déi potentiell negativ Effekter op Jonker ënner 24 Joer och net ënnerschat ginn. 
 
"Do ass och vläicht och an der Vergaangenheet nach net d'Gewiicht drop geluecht ginn, fir kloer ze maachen, datt bis 20, 22, 23 Joer den THC awer fir d'Gehier schiedlech ass an datt ee ka schizophren ginn. Ech sinn elo net deen, deen elo Reklamm mécht derfir, mee ech kann awer och déi Leit net verurteelen, well fir mech ass, gëtt den Hanf vill geholl, fir vun aneren Drogen ofzelenken, déi wesentlech méi Problemer maachen a wou keen driwwer schwätzt."
 
Den Norbert Eilenbecker a seng Associéen hunn iwwerdeems weder wëlles, e Medikament nach e klassescht Liewensmëttel aus hirer Produktioun ze maachen.
 
"Mir bauen eisen Hanf weider dobaussen un, net an den Zären, well mer och do der Ëmwelt nach de Gefale maachen, datt mer den CO2 späicheren. Mir brauche kee Stroum fir Luucht asw. A soubal mer en da gëernt hunn a gedréchent, da kënnt ee bei eis, an do si mer elo amgaang anzeriichten, datt dat wäert elo uganks d'nächst Joer iergendwann fäerdeg sinn, e Laboratoire, wou dann den CBD produzéiert ginn, wéi wann et e Medikament wier."
 
En direkten Impakt op d‘Produktioun vum Eilenbecker-Haff huet d‘Decisioun vun der Regierung deemno net. Am Géigesaz zu de Patienten.