Communiqué
ING schéckt 18.000 vu senge Clientë bei d'BGL BNP Paribas
© Gaël Arellano
D'ING schéckt 18.000 vu senge klenge Clientë bei d'BGL BNP Paribas. Béid Banke si sech doriwwer eens ginn, heescht et e Méindeg an engem Communiqué.
Konkret offréiert d‘BGL BNP Paribas deene ronn 18.000 ING-Clienten, hir Konten z'iwwerhuelen. D'ING hat jo decidéiert, hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg ze reduzéieren an notamment Dausende Clienten ze kënnegen. Déi concernéiert Leit sollen elo no an no kontaktéiert ginn an iwwert dës Offer informéiert ginn.
Am meeschte gelies