Wéi d'Police mellt, koum et e Méindeg um 17.10 Auer an der Avenue de la Faïencerie, bei der Kräizung mat der Rue du Rollingergrund, zu engem Accident.

Zwee Foussgänger goufen do ugestouss a verwonnt. Dat hat och schonn de CGDIS gemellt.

Eng Mamm ass mat hirem Bouf op engem Zebrasträifen iwwer d'Strooss gaangen, wéi en däischtere Won aus der Rue de Rollingergrund an d'Avenue de la Faïencerie ofgebéit ass. D'Persoun hannert dem Steier huet si wuel iwwersinn. De Chauffer krut d'Fra an d'Kand ze paken, dat blesséiert an an e Spidol ageliwwert gouf. Den Automobilist ass nom Virfall weidergefuer.

An deem Zesummenhang lancéiert d'Police elo en Zeienopruff. De Chauffer selwer oder aner Zeie si gebieden, sech beim Stater Kommissariat um (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail op police.luxembourg@police.etat.lu ze mellen.