D'Bierger ginn den 23. Mäerz 2025 no hirer Meenung gefrot
© RTL
Dat huet de Bettenduerfer Gemengerot e Mëttwoch unanime decidéiert, nodeems eng Biergerinitiativ fir e Referendum genuch Ënnerschrëfte gesammelt hat.
"Wëllt Dir, datt de Gemengerot vu Bettenduerf d'Sondéierungsgespréicher iwwert eng Fusioun mat Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren weiderféiert an d'Bierger 2027 an engem Referendum doriwwer ofstëmmen?" Iwwert déi Fro wäerten déi Bettenduerfer Leit an engem Referendum den 23. Mäerz d'nächst Joer decidéieren. Dat huet de Gemengerot en Dënschdeg den Owend unanime entscheet.
De Bettenduerfer Gemengerot hat virun enger Partie Woche mat 7 zu 4 Stëmmen entscheet, aus de Gespréicher iwwert eng Nordstadfusioun erauszeklammen. Doropshin hat sech eng Biergerinitiativ gegrënnt, déi den 29. November knapp 600 gëlteg Ënnerschrëfte vun de ronn 1.700 Walberechtegten op der Gemeng hannerluecht an domadder den néidege Quorum vun 20 Prozent vun de Wieler kloer iwwerschratt hat. Am Fong muss d'Gemeng da bannent deenen nächsten dräi Méint ee Referendum organiséieren. Ma wéinst dem Delai vun 12 Woche bei der Bréifwal konnt deen Timing net agehale ginn, wéi de Buergermeeschter Patrick Mergen erkläert:
"Et muss ee just wëssen, datt weder de SIGI nach myguichet effektiv fäeg waren, wéi hei steet, pour des raisons organisationnelles, et sou ze arrangéieren, datt de Vote par correspondance kéint stattfannen, an deem ugeschwaten Delai vum 1. Dezember. Dat wier ni méiglech gewiescht, si brauche 14 Deeg, fir alles en place ze setzen, dat geet also am Prinzip an deem Delai vun deenen dräi Méint net raus."
De Referendum ass reng consultativ, de Gemengerot muss sech also net dorunner halen. Am Moment schéngt et dann och sou, wéi wann déi siwe vun den 11 Conseilleren, déi géint ee Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher gestëmmt hunn, bei hirer Meenung bleiwen dierften.