Vum 1. Januar u ginn et Steiererliichterunge fir Privatleit a Betriber
© Image d'illustration / © SIP/ Emmanuel Claude
D'Deputéiert hunn e Mëttwoch fir den Entlaaschtungspak gestëmmt, mat deem et eng Partie Steiererliichterunge fir d'Leit an d'Betriber gëtt.
Upassung vum Steierbarème un zwou an eng hallef Indextranchen, Steiererliichterunge fir d'Steierklass 1A, méi Steierkredit fir Elengerzéier, steierfräien onqualifizéierte Mindestloun, eng Primm fir jonk Salariéen, manner Steiere fir Leit, déi aus dem Ausland heihinner schaffe kommen a gutt verdéngen a manner Kierperschaftssteier fir d'Betriber – gréng Luucht an der Chamber e Mëttwoch den Owend fir de sougenannten "Entlaaschtungspak" vun der Regierung.
Vum 1. Januar u kommen also eng Partie Steiererliichterunge fir Leit a Betriber.
















































D'CSV huet gehalen, wat se versprach huet, méi Netto vum Brutto: dat war de Message vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm - méi Netto vum Brutto.
"Hei gëtt ganz konkreet d'Aarmut bekämpft. Mee och de Mëttelstand profitéiert vun dësen Erliichterungen. Mat dësem Gesetzesprojet gëtt de Mëttelstandsbockel konsequent ofgebaut."
Duerch d'Mesuren am Sënn vun de Betriber géing Lëtzebuerg méi attraktiv a méi kompetitiv ginn. Dat huet och den DP-Deputéierte Patrick Goldschmidt ënnerstrach.
"Fir datt an Zukunft de Standuert Lëtzebuerg seng Importenz behält, ass et extreem wichteg, dass mer och déi Efforten um Niveau vun der Betribsbesteierung maachen. Ouni Betriber keng Aarbechtsplazen an och keng Steierrecetten."
Groussen Enthusiasmus fir d'Mesurë vun der Regierung gouf et bei der ADR a bei de Piraten. Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup huet seng ganz kuerz Ried esou ugefaangen:
"Vill am Portmonni an eng staark Ekonomie. Jo, dofir steet d'ADR. Haut stëmme mer hei iwwer eng ganz Partie vu gudde Fuerderungen of, déi d'ADR scho laang gestallt huet. An dat freet eis immens."
De Piratendeputéierte Marc Goergen war der Meenung, datt d'Fuerderunge vun der Oppositioun aus der leschter Legislaturperiod, méi genee der CSV an de Piraten, zu engem gudden Deel ëmgesat gi wieren:
"Ech wäert haut d'Zoustëmmung zum Entlaaschtungspak ginn. Et ass de richtege Wee. Mir hunn hei quasi en Entlaaschtungsminister, deen de richtege Wee ageschloen huet."
Beim Recht vun der Oppositioun fält de Bilan, wéineg iwwerraschend, méi gemëscht aus. Mesurë wéi Entlaaschtunge fir d'Elengerzéier, d'Steierklass 1A an d'Leit, déi de Mindestloun kréien, kréien eng breet Zoustëmmung, méi niddereg Steiere fir d'Betriber awer net. Jidderee géing e Stéck vum Kuch kréien, esou d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding:
"De Punkt ass awer, dass et net cibléiert genuch ass, dass et net sozial gerecht ass. A fir beim Bild vum Kuch ze bleiwen: déi, déi am meeschten Honger leiden, kréien d'Grimmelen of an déi, déi eigentlech genuch hunn, genuch op der Säit fir sech souguer nach selwer Kuch ze kafen, déi kréien dat déckste Stéck of."
Den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner sot, et géing ee "wieder Steierkaddoe fir d’Patronat a fir d’Topmanager" schaarf kritiséieren:
"Et ginn Ongerechtegkeeten ofgeschaaft oder behuewen. Mee anerer ginn awer trotzdeem geschaaft."
Déi gréng Deputéiert Sam Tanson huet vu Kleeserchersdag fir verschidde Leit a grouss Entreprisë geschwat:
"Et gëtt gehofft, datt duerch d'Steieren erofsetzen, méi Steieren erakommen a méi investéiert gëtt. Dës 'Comptoirsgespréicher', wéi e Vertrieder vun der Cour des Comptes et an der Kommissioun genannt huet, amplaz vun haarde Fakten, sinn net esou seriö, wéi mer eis dat erwaarden."
D'LSAP an déi Lénk hunn dofir separat Votte fir eenzel Punkten ugefrot.
Ännerunge beim Omnibus-Steiergesetz
D'Chamber huet dann och Ännerunge beim sougenannten Omnibus-Steiergesetz ugeholl. Do goung et ënnert anerem ëm d'Verméigenssteier fir d'Betriber an ëm d'Besteierung vun den Elteren am Fall vun enger Trennung. Wann d'Eltere sech d'Garde deelen, kënne si sech och d'Kannergeld deelen, wat d'Fro opwërft wien dann d'Steierklass 1A kritt, well dat virdrun d'Persoun war, déi d'Kannergeld krut. Duerch d'Gesetz kënnen d'Elteren elo decidéieren, wien d'Steierklass 1A kritt a sech och vu Joer zu Joer ofwiesselen. Vun der LSAP, déi Gréng an déi Lénk an der Oppositioun gouf et Luef u verschiddene Mesuren, Kritik awer notamment wéinst der Besteierung vu Betriber, déi duerch d'Ännerungen erofgeet.
Am Kader vun där Debatt huet den CSV-Finanzminister Gilles Roth och an Aussiicht gestallt, schonn am Laf vum nächste Joer net mat engem fäerdege Gesetzprojet, awer mat Propositioune fir d'Individualiséierung bei der Besteierung an d'Kommissioun ze kommen.