D'Bock-Kasematte feiere mat hirem 200.000. Visiteur en historesche Rekord. D'Zuel géing de kulturellen, historeschen an touristesche Wäert weisen.

Op Silvester gouf an de Bock-Kasematten mat der Famill Albee den 200.000. Visiteur fir d'Joer 2024 registréiert. En historesche Rekord, wéi de Luxembourg City Tourist Office e Mëttwoch matdeelt, deen de kulturellen, historeschen an touristesche Wäert vun de Kasematte géing weisen.

De spezielle Visiteur gouf dann och vun der LCTO-Direktesch Antje Voss, dem Vizepresident vum LCTO, dem Nico Margue an dem Stater Schäffe Patrick Goldschmidt empfaangen a krut e Kaddo, fir dëse Moment z'éieren.

RTL

© Luxembourg City Tourist Office