Associatioun "Eran,eraus… an elo?" kritiséiert Placement no Dot zu Esch
Op Neijoerschdag haten zwee Jugendlecher hire Papp respektiv Stéifpapp erstach. Ee vun deenen zwee koum an d'Unisec, deen aneren op Schraasseg.
Vill Kritik e Mëttwoch de Moie vun der Associatioun "eran,eraus…an elo ?" am Kader vum Placement vu Mineuren am Prisong zu Schraasseg. "Mineure gehéieren net an de Prisong!": Déi Ausso gouf direkt e puer Mol widderholl. Eng Ausso, déi och ënnert anerem de Premier Luc Frieden virun 25 Joer a senger Funktioun als Justizminister gemaach huet. Ma zanterhier hätt sech näischt gedoen. Lëtzebuerg hätt komplett versot an dat op Käschte vun de Kanner, huet d’Associatioun betount. D'Claudia Kollwelter mat den Detailer a Reaktioune vum Parquet an der Justizministesch.
Hannergrond vun der Pressekonferenz war de rezente Fall vun zwee Mannerjäreger, déi op Neijoerschdag hiren Papp respektiv Stéifpapp sollen erstach hunn. Ee vu béide sëtzt aktuell zu Schraasseg an dat wier inacceptabel, huet de Grégory Fonseca vun "eran,eraus...an elo?" ënnerstrach. Dat wier drop zréckzeféieren, well ze laang näischt gemaach gouf:
Et ass e Fakt, dass d'Gesellschaft muss beschützt ginn. Et ass och e Fakt, dass aner Mineure musse beschützt ginn. De Problem läit awer doranner, dass mer e Prisong gebaut hu fir Jugendlecher oder fir Kanner, d'Unisec, an en huet 100 Milliounen Euro kascht, mee en ass net adaptéiert. Dat heescht, soubal zwee verschidde Leit aus enger Affär, aus der selwechter Affär do sinn, dann hu mer scho keng Capacitéite méi, an da muss deen een dovunner an den erwuessene Prisong.
D’Kritik vun der Associatioun ass iwwerdeems och, datt et keng kloer Krittäre géif ginn, wéini e Jugendlechen op Schraasseg an wéini an d’Unisec geschéckt gëtt. Den David Lentz vum Parquet, Responsabel fir d’Protektioun vun der Jugend an de Familljenaffären, präziséiert an deem Kontext, datt nëmmen a fënnef Prozent vun de Fäll, wou e Jugendleche stroffälleg gouf, dësen och an eng zouen Anstalt kéim. Dat géif just an Extremfäll gemaach ginn:
Also prinzipiell hu mir eis engagéiert, datt éischtens d'UNISEC geholl gëtt. Do sinn eng zwielef Plazen, déi dofir a Fro kommen. An esou laang d'Plazen do sinn, gëtt et systematesch d'UNISEC. Wann awer elo d'UNISEC bis voll ass, a mir e Mineur hunn, deen delinquent ass, dee Strofdote mécht an deen opfält, heescht dat nach net automatesch, datt deen, wa keng Plaz do ass, automatesch an de Prisong geet. Et ass nëmmen, wann aner kumulativ Konditiounen derbäi kommen, wéi: hien ass eng Gefor à l'ordre public, et geet absolutt net méi aneschters an et muss een och eppes maachen, fir de Mineur ze schützen.Dann effektiv huele mer d'Moossnam a mir soen: 'e kënnt dann an de Prisong.'
Och d'Justizministesch Elisabeth Margue schwätzt vun exzeptionelle Fäll an deenen e Mineur op Schraasseg kënnt. Am Kader vun der Reform vum Jugendschutz- a Jugendstrofrecht, un där nach ëmmer gedoktert gëtt, géif och un engem Jugendprisong geschafft ginn:
Do si mer an der Planung gutt amgaangen. Déi wäerte mer fir Enn des Joers normalerweis ofschléissen an da gi mer mat engem Finanzéierungsgesetz an d' Chamber, well dat jo awer trotz allem och e bësse méi grousse Projet ass, soudatt et e bëssen Zäit brauch. Mä do schaffe mer intensiv drun.
Am zukünftege Prisong fir Mineuren zu Dräibuer soll da Plaz fir 24 Jugendlecher sinn. Den David Lentz vum Parquet gëtt allerdéngs ze bedenken, datt dat an Zukunft net duergoe wäert. An sengen Ae géif et souwuel un zouenen an och hallef zouen Infrastrukturen am Land feelen.