Och déi parlamentaresch Oppositioun hält éischter wéineg vum neie Gesetzprojet, dee si e Mëttwoch de Moie vum liberale Wirtschaftsminister Lex Delles presentéiert krut. De Pit Everling war um Krautmaart, fir no de Kommissiounssëtzungen de Bols ze fillen.
Virop déi gréisst Oppositiounsfraktioun wielt ganz negativ Wieder. Onbedéngt hätte missen d’Projeten Ëffnungszäiten a Sonndesaarbecht beienee geluecht ginn, seet den LSAP-Deputéierte a fréieren Aarbechtsminister Georges Engel.
Hie weist an deem Kontext mam Fanger op d’CSV, déi d’Kéier gemaach hätt:
“De Fraktiounspresident vun der CSV, deen huet gesot, mir kucken dat heiten als Package, mir kucken déi heite Saachen zesummen, steet hei net zu sengem Wuert. Dat fannen ech traureg, well ech awer dru gleewen, dass hien awer nach iergendwou eppes an dëser CSV ka bewierken, op alle Fall mol um soziale Bord. Hei ass en totalen Désaveu vum Fraktiounspresident vun der CSV. Dat ass schued, well d’CSV geet an eng Richtung, déi net gutt ass.”
Eng Aschätzung, déi bal déi ganz Oppositioun gedeelt huet. D’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert, Member vun der zoustänneger Kommissioun, hat mat hirer Ausso bei der Oppositioun fir Onversteesdemech gesuergt:
“Et ass net all Patron forcéiert, dat opzemaachen. An ech mengen et huet een och als Salarié de Choix ze soen, ‘Ok, wann dat do d’Konditioune vun der Stee sinn, da wëll ech net bei dee Patron schaffe goen’.”
D’Gesetz wier fir d’Patrone geschriwwen an en faveur vu grousse Commercen. Kleng Betriber géinge riskéieren, de Kierzeren ze zéien, well se net sou flexibel kéinte reagéieren, soen d’LSAP, déi Gréng, d’Piraten an déi Lénk.
Och aner gesellschaftlech Froe goufe vun Deeler vun der Oppositioun opgeworf, wéi déi vun der Kannerbetreiung. D’ADR gesäit fir hiren Deel virop eng administrativ Vereinfachung, weess awer nach net wéi se wäert ofstëmmen.
Fir den DP-Ekonomieminister Lex Delles bleift et dobäi, datt sech praktesche Realitéiten ugepasst gëtt. Hie verweist och op en neits op déi sougenannte Bäcker-Jurisprudenz. D’Oppositioun, virun allem d’LSAP, hätt iwwregens net vill als Géigepropos ze bidde gehat :
“Ee wichtege Punkt ass, dass ech awer hei vu kenger Partei och eng Propositioun gemaach krut. Et ass gesot ginn, et ass ze laang, dann ass et ze kuerz, dann ass et hei, dann et ass do. Mee et huet awer och kee gesot, dass mer sollen d’Ëffnungszäite kierzen, dass mer solle soen, ‘majo, sonndes solle mer all Buttek an all Restaurant zu Lëtzebuerg zouloossen’.”
Et wieren zwee verschidde Gesetzer aus zwee verschiddene Ministèren, dofir e separaten Traitement. D’Demande wier vun der Luxembourg Confederatioun komm, déi och déi kleng Commercë vertrëtt. Hie wier net der Meenung, datt déi lescht genannte negativ impaktéiert wäerte ginn, sou nach de Lex Delles. D’Gewerkschafte géingen iwwerdeems d’Exklusivrecht, fir Kollektivverträg ze verhandelen, och sécher behalen.
RTL-News (15.1.25): Diskussioun iwwert Liberaliséierung vun Ouvertureszäiten am Commerce: DP-Wirtschaftsminister Delles an CSV-Fraktiounschef Spautz net op enger Linn
RTL-News (12.1.25): Fundamental Gerechtegkeet oder “hellege Sonndeg”?: Kontrovers Diskussiounen ëm d’Reform vun den Ëffnungszäiten am Commerce
RTL-News (4.1.25): Ouvertureszäiten: Wéi vill Butteker d’Derogatiounen notzen, weess keen
RTL-News (8.1.25): Invité vun der Redaktioun (8. Januar) - Nora Back: “Méi laang Ouvertureszäite sinn eng grouss Katastroph”