
Dëse wier éischten Informatiounen no mat enger Stéchwaff attackéiert ginn. Eng Patrull vun der Police ass op d’Plaz gefuer an huet éischt Hëllef geleescht, bis d’Rettungsdéngschter op der Plaz agetraff sinn.
D’Affer koum mat schwéiere Blessuren an d’Spidol. Eng Sich nom Täter, déi direkt an d’Weeër geleet gouf, ass negativ verlaf. Et gouf eng Enquête lancéiert an e Rapport geschriwwen.
Wéi et aus dem Policebulletin da weider heescht, war e Méindeg de Moien eng Patrull vun der Police am Garer Quartier an der Stad op ee Mann opmierksam ginn, dee sech zimmlech nervös soll verhalen hunn. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt géint hien en Haftbefeel virleie géif. No enger medezinescher Ënnersichung gouf hien an de Prisong op Schraasseg bruecht.