Parquet freet 15 Joer PrisongJonke Mann huet Schüler zu Diddeleng mat Messer attackéiert

Diana Hoffmann
Den 10. Januar 2023 ass am Park Emile Mayrisch zu Diddeleng e Schüler mat engem Messer um Been an un der Hand blesséiert ginn.
© RTL-Archiv

Et war grad Mëttespaus fir d’Schüler zu Diddeleng. Um 13.30 Auer waren e puer Jugendlecher am Park Emile Mayrisch nieft der Kierch ënnerwee. Och den Ugekloten, en 21 Joer ale Mann aus Syrien, dee sech en Dënschdeg de Mëtteg huet mussen um Stater Geriicht wéinst versichtem Doudschlag a Kierperverletzung verantworten, war do.

Schüler mat Messer attackéiert / Rep. Diana Hoffmann

Den 10. Januar 2023 hat hie fir d’éischt engem Schüler vu 17 Joer säin Handy ewechgeholl. Den deemools 19 Joer alen Ugeklote sot eemol, hien hätt dat gemaach, well e gemengt hätt, et wier säin, deen him geklaut gi war. Eng aner Kéier sot en, e wier frustréiert gewiescht, well säin Handy geklaut gi wier. Beim Iwwerfall huet hien de Schüler an d’Gesiicht geschloen an dono an de Réck gerannt.

Dono ass hie weider bei zwee 17 Joer al Schüler gaangen an huet si fir eng Zigarett gefrot. Kuerz drop wollt hien awer de ganze Pack. Wëll d’Schüler scho gesinn hunn, dass virdrun eppes passéiert ass, hunn si him en direkt ginn.

Trotzdeem huet den Ugeklote gesot, hie géing si ëmbréngen, an et ass zu enger Kläpperei komm. Déi Dräi sinn um Buedem gelant. Ee konnt opstoen an deen aneren huet versicht, den Ugekloten unzehalen. Deen Ament huet den Ugekloten e Messer aus enger Bauchtäsch geholl, an de jonke Mann an d’Bee gestach an un der Hand blesséiert. Dësem ass et awer gelongen, him d’Messer ewechzehuelen a fort ze geheien. Bei der Kläpperei huet d’Affer iwwert d’Stéchwonnen eraus divers Prellungen a Spuere vu Gewaltawierkungen um Kapp an um Réck erlidden.

Den Ugekloten huet um Geriicht d’Dot zouginn. Hien betount awer, psychesch krank ze sinn. Ëmmer nees sot hien, dass et ëm géing leed doen. Zanter dass hien no der Dot Medikamenter géing huelen, géing et him besser goen.

Den Expert-Psychiater konnt da beim jonke Mann eng Psychos feststellen. Ënnert anerem géing den Ugekloten zum Beispill keng Gefiller weisen. Wärend senger Behandlung an der Psychiatrie hätt de Mann dann ëmmer nees d’Gefill gehat, et wieren Homosexueller hannert him hier an en hätt iwwerall Intrige gesinn. De Mann hätt wëlle Commerce studéieren, hätt awer kee Patron de Stage fonnt.

D’Vertriederin vum Parquet fuerdert eng Prisongsstrof vu 15 Joer, mat engem Sursis probatoire. Dëse wier dorunner gebonnen, dass den Ugeklote weiderhin eng Therapie mécht. Dass den Ugekloten net Wëlles gehat hätt een ëmzebréngen, klengt fir si net plausibel. Schliisslech wier och d’Jackett vum Affer op Héischt vum Broschtkuerf mam Messer futti gemaach ginn. Doriwwer eraus wier den Ugeklote mat engem Messer ronderëmgelaf, hätt keng Ausernanersetzung gefaart an zu de Schüler gesot, hie géing si ëmbréngen.

D’Urteel gëtt de 27. Februar gesprach.

Helikopter am Asaz: Jugendlechen zu Diddeleng mat Messer ugegraff a blesséiert (10.01.2023)

Back to Top
CIM LOGO