Luc Frieden nom Sommet zu BréisselA punkto Sécherheet an Handel "lafe mir Amerika net no"

RTL Lëtzebuerg
Et dierft ee sech net vun der Verhandlungstaktik vum US-President Donald Trump impressionéiere loossen, sou de Lëtzebuerger Premier.
© DURSUN AYDEMIR ANADOLUAnadolu via AFP

Den Interview mam Premier Luc Frieden nom EU-Sommet

Europa steet ënner extremem Drock: Konflikt mat Russland, China huet d’Ambitioun, technologesch an ekonomesch déi Stäerkst an der Welt ze ginn an d’USA riskéiere net méi dee frëndleche Partner ze sinn, dee mer bis ewell haten. Dat sot de Lëtzebuerger Premier Frieden nom informelle Sommet e Méindeg zu Bréissel.

Virop muss ee soen, datt déi annoncéiert Stroftaxe um Méindeg net direkt en Thema waren zu Bréissel, vill méi ass et ëm d’Defense vun Europa gaangen. Um Bord vum Sommet ass d’Thema dunn awer opkomm. De Luc Frieden mengt net, datt den US-President op een Handelskonflikt aus ass. Vill méi wéilt den Trump weise wéi staark Amerika ass. “Den amerikanesche President huet jo fir d’éischt elo mol de Konflikt gesicht mat sengen zwee Noperen an dat huet en op eng Methode gemaach, déi ganz typesch ass, an deem Sënn, datt en deen een Dag Tariffer seet, datt dann déi aner direkt reagéieren an da kritt en eppes an da kann e seng Tariffer deen zweeten Dag schonn erëm erofsetzen. Dat ass also eng Verhandlungstaktik vun him.”

Taxen annoncéieren, wann d’Partner reagéieren, se da nees erofsetzen. Dovunner dierft ee sech net impressionéiere loossen. Wann den Trump awer Handelsbarrièren wëll opbauen, da misste mir och esou reagéieren. Dat wier awer net d’Zil. “Eist Zil ass et, ech wëll et nach eng Kéier soen, fir datt Amerika e Land ass, mat deem mir wëlle gutt Bezéiungen hunn. Dat gëllt fir d’USA, dat gëllt och fir Kanada, dat gëllt och fir Mexiko. An dofir musse mer dat méi roueg, méi strategesch ugoen. A gëschter hate mer dofir net eng normal Sitzung, mee mir haten eng Retraite ouni Telefon, wärend 10 Stonnen, wou mer ganz vill iwwer Geopolitik geschwat hunn.”

E Handelskonflikt wier schlecht an dat wier och net d’Zil vum US-President Trump. Hie wéilt awer weisen: D’USA si staark. D’EU awer wier dat awer och an dowéinst misst Europa no sech selwer kucken a méi onofhängeg ginn.

“Ech wëll nach eng Kéier soen, mir si mat Amerika an der NATO. Mir hate gëschter och e laangt Gespréich mam NATO-Generalsekretär. Mir sinn e Kontinent, dee fir Fräihandel ass, mee fräien Handel a fairen Handel. An duerfir solle mer eis net impressionéiere loossen, wann d’Tariffer kommen, da wäert Europa reagéieren. Mir sinn doropper prett. Mee et ass net eist Zil.”

Dofir misst ee massiv a seng Sécherheet investéieren an an deem Beräich och an Europa produzéieren, akafen. Natierlech sollen d’USA de stäerksten Handels- a Sécherheetspartner bleiwen. Mee mir lafen Amerika net no, sou de Premier Frieden.

“Et ass awer och esou, datt mer eng ganz Rei Länner hunn, déi hu Waffesystemer, déi op amerikanesch Systemer opgebaut sinn. Also ass et guer net esou einfach vun der amerikanescher Defenseproduktioun op déi europäesch ëmzestellen. Dat hänkt also ganz vum Typ vu Waffen of, déi déi eenzel hunn.”

Wéi dat soll finanzéiert ginn, ass awer nach relativ onkloer. Dem Premier Luc Frieden no wier awer eng generell Tendenz do, fir méi an Europa ze produzéieren an ze kafen: “Eis Reflexioun, well mir jo iwwerhaapt keng Waffenindustrie hunn, ass éischter och eng ekonomesch. Wa mir méi wëllen hunn, vun där gesamter Ausgab, déi muss gemaach gi fir d’Defense, dann hu mer och en Interêt, datt dorausser Aarbechtsplazen an Europa entstinn. Dat ass also éischter eng ekonomesch Léisung, déi do hannendrun ass.”


Déi nächst Méint wieren intensiv Diskussioune bannent der NATO an der EU geplangt. Hei soll et haaptsächlech drëms goen, wat déi eenzel Memberlänner leeschte sollen. Och Lëtzebuerg géing do nei Ziler vun der Nato fixéiert kréien, wat d’Material an de Finanzement a Saachen Defense ugeet. Bei de Sécherheetsdefien, wéilt ee ganz enk mat Groussbritannien zesummeschaffen, esou de Lëtzebuerger Premier bei eis am Interview: “Mir brauchen Alliéierten, wann een der op anere Plaze manner huet. Da muss ee besonnesch innerhalb vun Europa, vum geographeschen Europa seng Frënn fleegen. An dofir war dat Gespréich ee ganz agreabelt, ganz utilet Gespréich. An ech mengen och, datt de Premier Starmer wëllt eng nei Relatioun mat der EU opbauen. Kee Bäitrëtt an d’EU, mee notamment op Sécherheetsfroen. Mee och Froen wéi zum Beispill kënschtlech Intelligenz an esou, wou een net op der Grenz vun Europa ophält, mä mat eis enk zesummeschafft.”

Back to Top
CIM LOGO