Et ass gläichzäiteg den éischten Hotel am Land, wou Privatleit en Zëmmer kafe kënnen, an deenen esou e zouverlässege Rendement a steierlech Avantagë versprach ginn. An der Belsch huet de responsabele Promoteur Lamy Group ewell esou e Projet opgeriicht, ma an der Gemeng Wäiswampech war de Komplex um Bord vum Waasser an der Vergaangenheet net bei jidderengem op Géigeléift gestouss.
Eng Biergerinitiativ hat 2019 e Referendum an der Gemeng ofgehalen, bei deem d’Majoritéit vun de Befrote sech géint de Projet ausgeschwat haten. D’Affär war och virun d’Verwaltungsgeriicht gaangen, ma dat ass ouni Suitte bliwwen.
Elo ass an enger éischter Phas den Hotelsbetrib mat sengen 90 Zëmmer op, wouvun der nach 20 ze verkafe wieren. Vun der negativer Stëmmung géif een elo näischt méi spieren, erkläert de Jordane Lamy, Administrateur délégué vum Groupe. Elleng duerch den Hotelsbetrib géif ee 60 Aarbechtsplaze schafen. An enger zweeter Phas solle ronderëm de Séi e Kloterpark, e Waasserpark mat Waasserschi a weider Outdoor-Aktivitéiten entstoen. Dobäi kéimen 88 individuell “Cottages”
An deem Kontext gouf mëttlerweil och e weidere Sträitpunkt tëscht der Gemeng an der Biergerinitiativ ofgerappt : Déi al Buvette, déi tëschenzäitlech klasséiert gi sollt. Dat hat nees fir Ierger gesuergt, ma schlussendlech hat déi deemoleg Kulturministesch Sam Tanson déi Demande nees verworf.
De Wämper Buergermeeschter Néckel Polfer ënnersträicht, dass den Hotel géif Touristen unzéien, wat der lokaler Ekonomie an Infrastruktur ze gutt kéim.
De Séi soll fir d’Leit vu baussen accessibel bleiwen, dat betounen esou wuel de Jordan Lamy, ewéi och de Buergermeeschter Polfer: “De Groupe Lamy huet ëmmer gesot, dass dat kee Center Park gëtt, mee dat gëtt e Site, dee public ass. Do gëtt et vläicht eng privat Beach, wou een da vläicht muss eppes ze drénke kafen, awer soss bleift de Site op. Dat ass ganz kloer, well dat ass och an hirem Interessi, domat kommen och méi Clientë bei si, egal op an de Restaurant oder wou och ëmmer.”
De Buergermeeschter huet den Dossier vu sengem Virgänger Henri Rinnen geierft. Hie bewäert d’Stëmmung am Duerf als manner schlecht, d’Leit wéilten dem Projet elo eng Chance ginn.