De Kaméidi an der Gemeng Conter geet weider. E Méindeg hunn d’Mataarbechter aus dem Atelier dem OGBL Reprochë gemaach.

D’Gewerkschaft géif falsch Saache behaapten a sech net fir all d’Aarbechter interesséieren, esou d'Aarbechter aus dem Atelier. Zanter de laangjärege Mataarbechter net méi do wär, hätt sech d’Aarbechtsklima däitlech verbessert.
 
Den Alain Rolling vum OGBL versteet déi Virwërf net. Den Zäitpunkt vum Communiqué wär ganz komesch gewiescht, genee um Dag wou d’Buergermeeschtesch am RTL-Interview war, an d’Behaaptunge géifen net stëmmen...
 
"Den OGBL ass ëmmer fir d Leit do. Mir haten och nach ganz aner Dossieren an där Gemeng an do ware mer ëmmer fir d'Leit do. Mir hunn déi Dossieren anstänneg traitéiert fir d'Leit. A bis elo ass och nach ni een u mech erugetruede vun den Aarbechter, deen elo gesot huet, voilà, déi concernéiert Persoune sollen elo anscheinend d’Übeltäter sinn."
 
Et gëtt also weider ëffentlech gestridden, wien dann elo souzesoen de "Béisen" zu Conter ass. Wann awer e Problem do wär a kee wéilt mat hinne schwätzen, misst een de Probleem iergendwa public maachen, bedauert den OGBL-Zentralsekretär.
 
"Ech sinn och elo kee Fan vun der Voie publique. Mir hu vun Ufank u probéiert mam Schäfferot ze kommunizéieren. Ech mengen, mir hunn deemools un de Schäfferot e Bréif adresséiert, wou mer gesot hunn, hei do ass e Problem an der Gemeng Conter. An do krute mer awer direkt gesot iwwer d'Affekoten – e Bréif - den OGBL hätt sech do net anzemëschen an dem OGBL bräichten se elo keng Rechenschaft ofzeleeën."
 
D’Communiquéë wäre villäicht méi sec formuléiert gewiescht, gëtt den Alain Rolling zou. Mä den Toun géif d’Musek maachen. An et wéilt een och gehéiert ginn, wa kee wéilt nolauschteren. D’Gewerkschaft vertraut elo drop, datt d’Geriichter tranchéieren a Rou an den Dossier kënnt.

ITM net zoustänneg fir Mobbingfäll vu Salariéë beim Staat

Wéinst de Mobbingreprochen op der Gemeng Conter huet den Affekot vun den zwee presuméierten Affer Recours bei der ITM gemaach. D’ITM huet op eis Nofro hi geäntwert, datt d’Gewerbeinspektioun net zoustänneg wier fir Mobbingfäll vu Salariéë beim Staat. Déi kéinte just virun d’Aarbechtsgeriicht goen.
 
Fir d’Mobbingfäll vun de Fonctionnairen an Employéë wier den Service psychosocial de la Fonction publique zoustänneg.