De Generalist soll déi éischt Ulafstell sinn
30% vun de Leit hei am Land hu kee festen Hausdokter oder Hausdoktesch. Dowéinst lancéiert en Donneschdeg de Gesondheetsministère eng nei Campagne.
Ënnert dem Motto "I love my Hausdokter" wëll een d'Patienten a Patientinnen sensibiliséieren, fir d‘éischt bei de Generalist ze goen, éier se an d‘Urgence oder bei de Spezialist ginn. Do kéim et nämlech dacks zu immens laange Waardezäiten, woumat och de Leit, déi wierklech urgent Problemer hunn, net gehollef wier, esou d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez en Donneschdeg bei der Presentatioun. De Retour aus de Spideeler war op alle Fall kloer.
"Si haten d‘Impressioun, dass déi Leit de System och net richteg géife kennen, déi komme villäicht aus Environnementer, aus Länner, wou de System net esou opgebaut ass, wéi bei eis. Dofir wier et sënnvoll mol eng Campagne ze maachen, fir dorop hin ze weisen, dass mir Spezialisten um Terrain hunn, déi an der éischter Linn Spezialist sinn an der Médecine générale an de Patient kënne ganzheetlech empfänken, eng Relation de confiance opbauen an an där Relation de confiance dann entdecken, wann eventuell Urgencen entstinn."
Et wier och virdeelhaft, en Hausdokter ze hunn, seet den Dr. Sébastien Diederich: “Wann Dir elo wärend 10, 20 Joer bei engem Hausdokter sidd, da kennt deen all Är Allergien, dee weess, wéi Äre Statut Vaccinal ass, géint wat Dir geimpft sidd, géint wat net, all Är Traitementer, Är Allergien, Är Krankheetsbiller. E kennt héchstwarscheinlech esouguer Är Elteren, Är Famill.”
D’Urgence dierften net iwwerlaf ginn. “Mir hunn elo d’Méiglechkeet fir iwwert Telefon geschwënn e klenge Call ze maachen, an da schätzt den Dokter of, déi aner Säit, op et wierklech eng Urgence ass oder net, an do kritt een dann och schonn e bësse Vertrauen a sech selwer erëm, respektiv et kritt ee gesot, dat muss esou séier ewéi méiglech en charge geholl ginn. An dann hu mir natierlech och den 112, dee seng Aarbecht mécht, an direkt an d’Urgence féiert”, esou d’Gesondheetsministesch Martine Deprez.
Wa méi Leit bei den Hausdokter ginn, da wieren d’Waardezäiten an den Urgencen och net esou extrem. Dofir sollen och an de Gemengen d’Leit informéiert ginn, virun allem wann Neier sech umellen. Do schwätzt een och driwwer, dass d’Gemengen eng Lëscht mat de lokalen an aktuelle Generalisten solle schécken.
Gläichzäiteg sollt de Beruff vum Dokter och méi attraktiv gemaach ginn, well Generaliste ginn et der net genuch.
D'Campagne leeft nach bis den 23. Mäerz mat Flyeren a Plakater an Apdikten, Dokteschcabineten, Spideeler an op de soziale Medien. Ma och an de Gemenge soll ee sech kënnen informéieren, wou a wéi eng Dokteren an Dokteschen et an der Ëmgéigend ginn.

© M3S