Als Infirmière erlieft d’Laura Ottelé emotional Momenter an der Kannerklinik.

"Ech wollt nach ëmmer mat Kanner schaffen"

Dëst ass dat éischt, wat d’Laura Ottelé mir erzielt a laacht dobäi iwwert d’ganz Gesitt. A wat fir eng Richtung et goe sollt, war just nach net kloer. "Meng Première hat ech 2015 an der Täsch. Ech war am Michel Rodange op der Sektioun "Sciences naturelles" (Bio, Physik, Chimie…). No engem Studiejoer "Kiné" war kloer, dat wéilt d’Laura spéider net maachen. "Duerch e Stage an engem Spidol koum mir d’Iddi. Ech wëll kranke Kanner hëllefen". Sou d’Laura am RTL-Interview.

Mat Sak a Pak goung et dunn op Bréissel studéieren. 5 Joer laang. “Spannend war en Austausch a Kanada. 4 Méint war ech do an der Schoul an hunn e Stage an der Klinik gemaach. Dat war eng Experienz fir d’Liewen. Dat wäert ech esou séier net méi vergiessen". Sou erzielt mir d’Laura hir Studentenzäit voller Begeeschterung.

Elo ass déi jonk Fra vu 29 Joer Infirmière an "de Soins généraux". Zanter bal 3 Joer schafft si an der Kannerklinik vum CHL a këmmert sech ëm Kanner a Jugendlecher am Alter tëscht 0 an 18 Joer, déi kritesch krank sinn.

 

"De Job mat Léift maachen"

 
"Et ass eng stresseg Situatioun, wann d’Eltere mat hirem kranke Kand an der Klinik ukommen. Eis éischt Prioritéit ass dann, d’Kand ze stabiliséieren. Duerno këmmere mir eis ëm d’Elteren. Wann et den Eltere gutt geet, si berouegt sinn a verstinn, firwat déi Kabelen a Maschinnen dem Kand hëllefen, huet dëst positiv Auswierkungen op d’Kand selwer".

4 Zëmmeren a 5 Better ginn et am Service, wou d’Laura Ottelé schafft. De "Soins intensifs, wou op all Schicht 3 Dokteren a minimum 2 Infirmièren am Asaz. sinn.

"Wann d’Kanner bei eis um Stack ukommen, ass ëmmer ganz emotional. Et ass eng schwéier Zäit. Souwuel fir d’Kand selwer ewéi och fir d’Famill. D’Kanner sinn dacks vill midd, net uspriechbar.»

Op dëser Etage vun der Kannerklinik vum CHL sinn d’Mauere ganz faarweg. Op ville Plaze sinn Déieren a Männercher gemoolt. Dëst soll de Kanner e gutt Gefill ginn. "Wa mir da gesinn, dass d’Kanner lues a lues nees d’Aen opmaachen, de Kontakt sichen, ufänke mat laachen, déi grouss Kanner ufänke mat spillen, dat ass schonn eleng ganz positiv."

D’Infirmière zielt dëst mat ganz villen Emotiounen.
 

"E Merci ass deen allerschéinste Kaddo"

An der Moyenne bleift e Kand 5 Deeg am Service vum Laura Ottelé. Munchmol och alt emol eng bis zwou Wochen. D’Kand an d’Eltere waarden drop, fir endlech nees heem däerfen ze goen. An och wann hinnen am Spidol gehollef gouf, wëlle si net méi sou séier zréckkommen. "Dat ass ganz verständlech". Esou d’Laura. "Ëmsou méi freeë mir eis, wann no enger Zäit d’Kand eis nees Moie soe kënnt." E Bréif oder e Bild hu si dann och dacks dobäi.

300 Kanner goufen d’lescht Joer an de "Soins intensifs" vum Personal betreit. Aggressiv Viren oder eng generell Infektioun am Kierper sinn déi heefegste Grënn fir eng Hospitalisatioun vun engem klenge Kand. Heiansdo ass e Gehiertumor d’Ursaach fir e Spidolsopenthalt.

"D’Kanner erstaunen een all Dag erëm, wei séier si sech vun enger schroer Krankheet erhuelen. An duerno gesond, monter an zefridden heem ginn"

 

"Ofschalten ass wichteg"

D’Laura Ottelé wunnt zu Stroossen. Also net wäit ewech vun hirer Aarbechtsplaz, der Kannerklinik. Si kënnt ze Fouss op d’Schaff. "Dat hëlleft scho Stress ofzebauen, och no enger Schicht". Esou déi ganz sympathesch Infirmière.
 
Et wär wichteg, d’Aarbecht net mat heem ze huelen. Dat wär awer méi séier gesot ewéi gemaach a géif an der Theorie gutt kléngen. An der Praxis wär dat méi schwéier. Dat verréit d’Laura mir wärend eisem Gespréich.

«Sport maachen, Kolleege gesinn, iwwert dat Erliefte mat engem anere schwätzen, Musek lauschteren a Kanner dobausse gesi spillen. Dat hëlleft, Ofstand zum Beruff ze kréien." Sou d’Laura Ottelé. Fréier war si zu Stroossen am Konschtturnen, souguer eng Zäit an der Nationalekipp. Haut mécht déi jonk Fra Yoga. Mol Moies, mol Owes. "Dat gëtt mir Kraaft fir déi nächste Schicht".