Ënnert anerem e laangjärege Mataarbechter hat Enn vum leschte Joer fristlos gekënnegt kritt.

Säin Affekot hat wéinst Formfeeler d’Nullitéit vun där Kënnegung gefrot. E Freideg koum d’Ordonnance vum Geriicht, et ass keen Urteel.

Iwwer de Mobbing gouf net tranchéiert, dat wär d’Zoustännegkeet vum Riichter um Fong, an d’Kënnegung gouf net vun der Riichterin opgehuewen, well net konnt bewise ginn, ob de Mann gekënnegt krut, well hir Mobbing denoncéiert hat.

Den Affekot vum Gemenge-Mataarbechter (de Me Alex Penning) hat wéi gesot der Gemeng Conter zwee Formfeeler virgehäit a wëll géint déi Ordonnance an Appell goen.