
Dat um 8.10 Auer um CR139 tëscht Gréiwemaacher a Manternach, wou en Auto bäigaangen ass. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Keng 10 Minutte méi spéit hat et an der Areler Strooss zu Stroossen gerabbelt. Hei waren en Auto an e Motorrad aneneegerannt an et gouf och hei ee Blesséierten.
Um CR139 waren d’Rettungsekippe vu Mäertert am Asaz, zu Stroossen déi vu Bartreng a Mamer.