
Géint 5 Auer hat eng Patrull mat hirem Won een aneren Auto ze pake kritt, wéi si wollten op een Asaz fueren. D’Beamten wéi och de Chauffer vum Auto koume fir eng Kontroll an d’Spidol.
D’Polizisten, déi géint 10.45 Auer en Accident haten, goufen allerdéngs liicht blesséiert. Geschitt ass dat Ganzt op der Héicht vum Kino an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg am Kader vun der Staatsvisitt vum President vu Singapur, déi nach bis e Freideg dauert. D’Strooss war wärend den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart.