Handyverbuet a Schoulen: 22. Abrëll an der Grondschoul an 2. Juni am Lycée

© syda_productions via Freepik
Den Educatiounsministère nennt e puer Detailer zum Handyverbuet an de Schoulen.
Vum 22. Abrëll un also no der Ouschtervakanz gëllt d'Verbuet an den Enceintë vun de Grondschoulen. Wärend dem ganze Schouldag, also och an de Pausen a wärend Schoulaktivitéiten, ass de Gebrauch ënnersot.
D'Apparater däerfe just zu pedagogeschen Zwecker genotzt ginn, ënnert der Surveillance vum Enseignant, oder wann et eng speziell Situatioun gëtt, zum Beispill bei engem medezineschen Hannergrond.
Wie sech net drun hält, riskéiert den Handy ewechgeholl ze kréien, dat bis d'Enn vum Schouldag. Wa Verstéiss sech heefen, ginn d'Elteren informéiert.
Am Lycée trëtt dat entspriechend Reglement réischt méi spéit a Kraaft, nämlech den 2. Juni, also Méindes no der Päischtvakanz. An alle Lycéeë wäerten do via eng Charte scolaire d'Detailer vum Verbuet definéiert ginn.