Perquisitiounen och bei Goodyear zu Colmer-Bierg

© Domingos Oliveira - Archivbild
An der Affär ronderëm Goodyear-Pneue goufen et en Dënschdeg Perquisitioune beim Produzent.
A Frankräich, an der Belsch an och zu Colmer-Bierg hei am Grand-Duché. Dat mellt d'AFP a berifft sech op den zoustännege Procureur vu Besançon.
RTL krut beim Lëtzebuerger Parquet d'Confirmatioun, datt et effektiv Perquisitiounen zu Colmer gouf. Hannergrond ass eng Enquête wéinst "Homicides involontaires".
Honnerten Accidenter - dorënner déidlecher - kéinten op e Fabrikatiounsfeeler bei Camionspneuen zeréckzeféiere sinn. Pneuen, déi hei am Land produzéiert goufen.
Am Raum steet de Virworf, datt den amerikanesche Pneueconstructeur seng Renommée wollt schützen an dofir keng obligatoresch Réckruffaktioun lancéiert hat, trotz den Accidenter.