D'Sozialministesch Martine Deprez huet am RTL-Interview d'Haaptlinne vun der geplangter Pensiounsreform erkläert.

Am Fokus steet eng graduell Erhéijung vum effektive Pensiounsalter, ouni offiziell un der Altersgrenz vu 65 Joer ze schrauwen. Amplaz solle Leit an der Praxis no an no méi laang schaffe mussen.

Trotz Kritik hält d'Regierung un dësem Wee fest, d'Ministesch betount, dass nach näischt zementéiert wier: "Et ass eng Stoussrichtung, déi mer ginn hunn."

OP RTL.lu: Martine Deprez - Et dierft een d'Aen net virun de Realitéiten zoumaachen

 

Gewerkschaften a Jugendparteie kritiséiere Pläng

D'Reaktiounen op déi proposéiert Upassunge sinn däitlech. D'Gewerkschafte gesi virun allem d’Gefor, dass déi sozial Ongläichheeten doduerch kéinte verstäerkt ginn, besonnesch bei méi kierperleche Beruffer. Och d'Jugendparteien hu sech géint d’Reform ausgeschwat. Si fäerten, dass jonk Generatioune méi laang musse schaffen, ouni sécher ze sinn, wat um Enn als Pensioun erauskënnt.

D'Notze vu Suen déi iwwer d'CO2-Steier an de Staatsbudget fléisse wier kee laangfristege Moyen, fir de System ofzesécheren:
 
"Mir wäerte vum nächste Joer un negativ Zuele schreiwen an der Pensiounsversécherung. An iergendwou muss den Defizit opgefëllt ginn. Wann do näischt geschitt, da wäert en aus der Reserv opgefëllt ginn. A fir de System ze stabiliséieren, hu mer als Regierung decidéiert, mir kucke wou mer eng Konsumsteier oder soss en Apport budgetär kréien, fir dat Lach do hëllefen ze stoppen. Mee dat huet näischt mat enger laangfristeger Ofsécherung vum System."
 
D’Diskussioune sollen an de nächste Méint weider intensivéiert ginn, esou d'Ministesch.