Zu Schengen steet dëse Weekend alles am Zeeche vum Schengen-Accord, deen op den Dag genee viru 40 Joer ënnerschriwwe ginn ass.

40 Joer Schengen-Accord / Reportage Céline Eischen

Ronn 400 Millioune Leit wunnen am Schengenraum, der weltwäit gréisster Zon fir de fräie Persouneverkéier. Eng 3,5 Millioune Leit fueren all Dag iwwert eng Schengen-Bannegrenz. Dovunner profitéieren och den Tourismus an d'Ekonomie. Fir all dës Fräiheeten a Virdeeler gouf viru 40 Joer mam Schengen-Accord de Grondsteen geluecht: en Accord, un deen am Ufank keen esou richteg gegleeft huet. An awer gouf en zu engem vun de wichtegste Pilieren an der Konstruktioun vun Europa.

Iwwer de ganze Weekend goufen et Festivitéiten zu Schengen. Déi offiziell Zeremonie war e Samschden a Presenz vum Grand-Duc Henri a senger Schwëster, der Prinzessin Marie-Astrid.

Op den Dag genee war et e Samschdeg 40 Joer hier, datt de Schengen-Accord ënnerschriwwe gouf, an domat een éischte grousse Schratt a Richtung Schengenraum, mat haut 29 Member-Länner gemaach war. Mat den oppene Grenze gëtt Europa an den europäeschen Zesummenhalt all Dag vu ville Leit gelieft, an dat ass e Samschden zu Schengen mat enger offizieller Zeremonie gefeiert ginn. Eng onbeschwéiert Feier-Stëmmung koum awer wéinst dem Retour vu Grenzkontrollen net op.

Den Éierestaatsminister a fréieren EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker: "Dat ass een Dag, wou ee mat deem engen Aen laacht, fir dat wat war a wat ongestéiert sech en place gesat huet, an een Aen wat kräischt, well eng vun de wichtegsten Errongenschafte vun der europäescher Konstruktioun, nämlech déi fräi Zirkulatioun vun de Leit vun eenzele Regierungen a Fro gestallt gëtt, ouni objektiv Ursaach. A wann dat ze laang unhält, da riskéiert dat erëm deen normalen Zoustand ze ginn an da fält Europa zréck an déi Zäit, ier déi richteg Iddien entstane sinn an och duerchgefouert gi sinn."

Nieft der Aweiung vum neie Musée an dem original Schëff MS Prinzessin Marie-Astrid Europa, op deem den Accord viru 40 Joer ënnerschriwwe ginn ass, goufen et och eng Rei politesch Riede vun nationalen an internationalen Éieregäscht.

D'Anke Rehlinger, Ministerpresidentin aus dem Saarland a Presidentin vum Bundesrat, huet mat Bléck op d'Grenzkontrollen, déi jo och vun eisen däitschen Noperen net wäit vu Schengen gemaach ginn, kloer Wierder fonnt: "Wir haben es aber durch kluge Entscheidungen von klugen Menschen in der Vergangenheit jetzt viele Jahre erleben dürfen, dass das Leben an der Grenze durchaus zu einem Vorteil gemacht werden kann in unserem grossen Europa. Und deshalb ist meine herzliche Bitte an diesem Tag, dass das ein Tag ist von dem ein starkes Signal ausgeht, dass da lautet: Schengen ist nicht das Problem, sondern Schengen ist die Lösung in und für Europa."

Der Anke Rehlinger no géifen et Zitat ''méi gescheit'' Léisunge wéi Grenzkontrolle ginn. Där Meenung war och de Robert Goebbels, dee fir Lëtzebuerg den Accord viru 40 Joer ënnerschriwwen huet. Hie war deemools Staatssekretär fir Aussebezéiungen.

"Bis elo ass keen eenzegen Terrorist an 10 Joer Zäit op iergendenger Grenz verhaft ginn, keen eenzegen. Déi meescht Terror-Akten, wéi elo zu Graz oder zu Hamburg, déi komme vu Leit aus dem Land selwer. A wa Grenzkontrolle wierklech géifen zu méi Sécherheet féieren, da wier Groussbritannien ee Paradäis. Groussbritannien war ni Member vu Schengen, huet ëmmer seng Grenze kontrolléiert, huet awer Terrorismus kannt, huet eng héich Kriminalitéit, huet Drogenhandel."

Zu Schengen gouf also de waarmen Appell gemaach, fir déi oppe Grenzen an den europäeschen Zesummenhalt weider ze verdeedegen an ze erhalen.

Dee ganze Weekend iwwer ware vill Concerten an Evenementer fir den Anniversaire vum Accord zu Schengen ze feieren. Vun elo u kann een dann och deen neie Musée an d'Schëff besiche goen. Weider Informatioune gëtt et dofir op schengen.lu.

40 Joer Schengen / Reportage Céline Eischen