Kritik no Aussoe vum Minister Wilmes zum Deforestatiounsgesetz

© RTL-Archiv
Greenpeace Lëtzebuerg an natur&ëmwelt weise sech an engem Communiqué besuergt iwwer d'Aussoe vum Minister Serge Wilmes iwwer d’EU-Deforestatiounsgesetz.
Den CSV-Ëmweltminister hätt sech en Dënschdeg an engem Interview mam Radio 100,7 fir eng méi einfach a labber Reglementatioun an der europäescher Lutte géint d’Deforestatioun ausgeschwat an domat senger Parteikolleegin, der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen, de Réck gestäipt.
Dat wier absolutt net am Aklang mat den Ziler vun der EU, kritiséieren déi zwou Organisatiounen an hirer Matdeelung. Virum Hannergrond vun der weltwäiter Deforestatioun, der Klimakris an dem dramatesche Verloscht vun der Biodiversitéit, wier et absolutt net de Moment, fir ee Schrëtt zeréck ze maachen. Au contraire, déi politesch Decideure missten elo handelen, heescht et vu Greenpeace Lëtzebuerg an natur&ëmwelt.