An enger gemeinsamer Aktioun hunn OGBL an LCGB dozou opgeruff, sech der Manifestatioun nächst Woch e Samschdeg an der Stad unzeschléissen.

"Manif 28/06 - 11h - Lux-Gare" war op engem grousse Banner ze liesen, deen en Donneschdeg de Moien iwwert enger Autobunnsbréck vun der A6 opgehaange gouf. De Smail Suljic, Secrétaire central vum OGBL iwwer d'Aktioun:

"Mir sinn amgaangen d'Leit ze mobiliséieren, sensibiliséieren, drop opmierksam ze maachen, dass mer den 28. Juni déi Maniff hu géint de Luc Frieden a seng Regierung an hir Politik, déi se do wëlles hunn, do hu mer verschidden Aktiounen. Dat heescht, mir ginn engersäits Ziedele verdeelen an d'Betriber, mir hale Plenièren an de Betriber an anerersäits maache mer e bëssen och guerilla-méisseg, esou Autobunnsaktiounen, wou mer dann eis mat engem grousse Banner op d'Autobunn stellen an dann esou vill Frontalieren, Pendler aus Lëtzebuerg wéi méiglech drop opmierksam maachen."

Extrait Smail Suljic iwwer Aktioun op der A6

Vun den Automobiliste gouf et Getuuts a Bestätegung fir d'Aktioun, déi een esou net fir d'éischt gemaach huet, sou nach de Smail Suljic.

"Mat deem Calico kënne mer vill Leit erreechen, déi mam Auto do laanschtfueren. An dat hu mer scho gemaach beim Index. Dat huet gutt geklappt. Mir hunn dat och scho bei de Sozialwale gemaach. A mir maachen dat elo eeben dës Kéier och. Mir haten et op der A3, mir haten et op der A4, op der A6 ware mir elo de Moien. An do war eeben d'Reaktioun ganz positiv. Mir hu ganz vill Leit, déi do 'Hupkonzerte' gemaach hunn, déi hunn do eis gewonk an d'Fauscht gewisen, fir de Kampf. An d'Reaktioun war wierklech gutt. Wéi gesot, mir hate virun dräi Joer dat selwecht gemaach. Beim Index. An do waren d'Reaktiounen net esou evident wéi elo. Do krus de och heiansdo de Fanger gewisen. Do waren d'Leit net ëmmer sou frou. Mee elo war wierklech, muss ech zouginn, kollektiv war do wierklech ganz vill Zoustëmmung."

Extrait Smail Suljic iwwer Reaktioun vun den Automobilisten

Datt d'Gewerkschaften am Kontext vun den aktuellen Tensioune mat der Regierung Réckhalt an der Bevëlkerung genéissen, weist och de rezentste Politmonitor vun Ilres am Optrag vun RTL a Lëtzebuerger Wort.
Hei sinn et 60 Prozent vun de Befroten, déi den Opruff zur Manifestatioun den 28. Juni guttheeschen.

Déi lescht Deeg hat och schonn den OGJ, also d'Jugendorganisatioun vum OGBL, Flyeren zum Thema Pensiounsreform viru verschiddene Lycéeë verdeelt.