"E Superlativ vun engem Extremist"

© Claudia Kollwelter - rtl.lu
"E Superlativ vun engem Extremist" – sou huet d’Enquêtrice vun der Police judiciare um zweete Prozessdag den ugekloten Neonazi genannt.
Dee jonke Mann kritt ënner anerem virgehäit, Member an enger terroristescher Organisatioun gewiescht ze sinn an Attentater geplangt ze hunn.
Eng Déiereversuchsklinik oder eng schweedesch Airline, där hir Reklamm d’Diversitéit ervirgestrach huet. Zwee méiglech Ziler, fir eng Pakbomm ze schécken, déi den Ugekloten an e Matgrënner vun der Green Brigade am Chat diskutéiert hunn. D’Green Brigade ass déi ökofaschistesch Organisatioun, där den Ugeklote sech am August 2019 ugeschloss huet, wou hie relativ séier an der Hierarchie opgestigen ass. En Opstig, dee méiglecherweis mat der Brandstëftung am Hierscht 2019 an enger schweedescher Näerzfarm ze dinn huet, fir déi den haut 23 Joer ale Mann schonn a Schweden verurteelt gouf. Fir The Green Brigade huet den Ugeklote Propaganda gemaach a rekrutéiert, Flyer a Sticker verdeelt.
Pakbomm an Aarbecht, Stuermgewier bestallt
D’Enquêtrice vun der PJ sot, wéi de Beschëllegten Uganks 2020 festgeholl gouf, wier hien um Héichpunkt vu senger Radikaliséierung gewiescht. An der "Vortatphase", wéi si et genannt huet. "En hat eng Pakbomm an Aarbecht, en hat Sprengstoff hiergestallt a getest an e Stuermgewier bestallt", sou d’Polizistin. "E war Member bei The Base, dat ass e Fakt, dofir gëtt et Beweiser", huet si ugekënnegt. A si hat net ze vill versprach. Minuttelaang huet si e Matschnëtt vum Iwwerpréiwungsgespréich virgespillt, eng Zort Interview. Dat huet den Ugekloten Enn Oktober 2019 mat ënner anerem dem Grënner vun The Base, Rinaldo Nazzaro, gefouert. "Firwat wëlls de Member ginn?", gëtt hien do gefrot. "Ech wëll aktiv ginn, eppes changéieren." "Wéi eng Bicher hues de gelies, déi der gehollef hunn, Nationalsozialist ze ginn?" "Mein Kampf, 1984, Brave new world", äntwert den Ugekloten. Hien erkläert a sengem Interview, selwer Member vun der Green Brigade ze sinn, an och Kontakt mat militante gewaltbereete chrëschtleche Gruppe gehat ze hunn. Ma da gëtt hie gefrot, wéi en zu Paganismus steet. Dat wier besser fir déi europäesch Identitéit ze erhalen... D’Zeeche vun The Base, muss ee wëssen, sinn dräi Runen.
Am deem Gespréich geet et awer och drëms, wat fir eng Qualitéiten den Ugeklote mat an d’Organisatioun bréngt. Seng Chimieskenntnisser, seet hien, kéinte jo Uwendung fannen, an datt e sech mat Waffen auskennt, well en amgaange wier, zu Lëtzebuerg de Juegdschäin ze maachen. Op hien Iwwerliewenstraining hätt? "Ech war an de Scouten", seet den deemools 17 Joer ale Jugendlechen.
Den Opnamexamen an d’Terrororganisatioun ass am November 2019 gepackt
Ma eng vun de ganz wichtege Froen ass, ob hien un eng politesch Léisung gleeft. Nee, ass d’Äntwert. Wichteg ass dat, well d’Membere vun The Base dowéinst duerch Gewaltaktioune versichen, den Ëmstuerz vum westleche Gesellschaftssystem erbäi ze feieren, de Rassekrich auszeléisen. Hire But ass et, e wäissen Ethnostaat ze grënnen. Dofir gouf et Pläng op engem Grondstéck an den USA, mee mëttlerweil plangt de Rinaldo Nazzaro, dee selwer a Russland lieft, als "Project White Phoenix" an den ukrainesche Karpathen d’"Republic of Carpahtia".
E Puer Deeg no dësem Online-Opnamexamen trëfft den Ugekloten de Chef vun der schweedescher Sektioun, absolvéiert en Training a gëtt offiziell opgeholl, esou d’Enquêtrice.
Si huet The Base als "féierungslos Resistenzgrupp" beschriwwen. E Sammelbecke fir Leit mat all Zorten Haassideologien, mat nationalsozialisteschem Fundament. Am richtege Liewen dacks sozial isoléiert, wiere si ënnerteneen iwwert Internet verbonnen, wou si sech austauschen, radikaliséieren a géigesäiteg uspornen an hirem Haass op Friemer, Fraen, LGTBQI, Judden, Kapitalisten - soit op jiddereen, deen net ass wéi si.
Bei Al Qaïda Inspiréiert
De Grënner vun The Base wier a sengem fréiere Liewe selwer Terroranalyst beim amerikaneschen FBI gewiescht. Do hätt hie sech mat islamisteschem Terror beschäftegt. Ënnert anerem mat der Organisatioun Al Qaïda. A sech do offensichtlech inspiréiert. Al Qaïda heescht iwwersat "Basis", huet d’Enquêtrice erkläert. Wéi Al Qaïda wier The Base a regionalen oder lokale klenge Verbänn organiséiert. Dat hätt de Virdeel, datt wann eng Grupp opflitt, déi aner kënne weider funktionéieren. Esouguer d’Al-Qaïda-Handbicher sinn Deel vum Literaturkanon vun The Base – do dra gëtt et praktesch Uleedungen, fir Bommen ze bauen. An hirem rengrassegen Ethnostaat wéilt The Base eng "wäiss Sharia" aféieren, esou wéi am Kalifat vum IS d’Sharia Gesetz war.
"Sataniste sinn erëm Moud"
The Base wier oppen, fir all Zorten Ideologien, huet d’Enquêtrice widderhuelt erkläert. "Sataniste sinn erëm Moud". Odinisten, Neo-Paganisten - do ass een no un den areschen Urspréng, - mee och misogyn Incels – onfräiwëlleg celibataire wäiss Männer-, fanne bei The Base eng Heemecht. Ökofaschisten an Anarcho-Primitivisten, déi sech en einfacht, preindustriellt Liewe wënschen. Wat si gemeinsam hätten, ass eng Iwwerfuerderung an der haiteger komplexer Welt, esou d’Enquêtrice, mee si fäerten och ëm d’Virherrschaft vum wäisse Mann. Fir deem seng Belagerung gesi si keng politesch Léisung, an dofir versiche si den Ëmstuerz erbäi ze féieren. Ënnerteneen tausche se dofir ganz Bibliothéiken aus, huet d’Polizistin erkläert. Op de verschiddene Geräter vum Ugeklote goufen Honnerten Ouvragë fonnt, "net illegal oder op engem Index", mee déi all der Radikaliséierung gedéngt hunn.
Vun Utoya bis Christchurch
No baussen hätten d’Memberen net méi déi Mierkmoler wéi klassesch Neonazien, keng Glatz, keng "Springerstiefel", héchstens e "Seitenscheitel", a well se net ëffentlech zesummen optrieden, wier et vill méi schwiereg, e Monitoring ze maachen. D’Verbindung am Internet ass no baussen net direkt visibel. No bausse géif et deemno ausgesinn, wéi wann d’Attentäter eleng géingen handelen, sougenannte "Lone Wolfs" wieren. Ma an hirem weltwäite Reseau wiere si gutt verbonnen. Als éischten Täter vun dësem Typ huet si den Anders Breivik opgezielt, deen 2012 op der norwegescher Insel Utoya an zu Oslo 77 Leit ëmbruecht hat. Säi Manifest hat den Ugekloten doheem. Ma säi grousst Virbild war wuel den Attentäter vu Christchurch, de Brenton Tarrant, deen an zwou Moscheeë ronn 50 Leit ëmbruecht an der nach emol esou vill blesséiert hat. An dat ganzt via Helm-Kamera op Facebook live gestreamt hat.
Den Tarrant gehéiert zu de "Saints", den Hellege vun de Base-Memberen, fir déi si eng un d'chrëschtlech Traditioun orientéiert Ikonographie entwéckelt hunn. Mat Hellegeschäin gi si duergestallt, den Tarrant huet och seng Helmkamera fir de Livestream un. Am Grapp hu si amplaz vum Kräiz e Maschinnegewier. An hiert jeeweilegt Manifest. Ee vun hinne gëtt vum Adolf Hitler an den Himmel erhuewen.
Dem Tarrant säi Manifest hat den Ugekloten esouguer zu enger Powerpoint verschafft, eng Zort Lektioun oder Virtrag. Zum "Saint" ginn, an all d’Bewonnerung, déi dat an hire Kreesser mat sech bréngt, wier e groussen Ureiz fir Attentatspläng an d’Realitéit ëmzesetzen, esou d’Polizistin. Fir méi Leit z’erreechen, sinn d’Videoe wichteg. D’Täter géife sech dofir och gréisstendeels verhafte loossen - wien dout ass, kritt net méi mat, wann ee gefeiert gëtt.
Manifest bei der IRA plagiéiert
Wat d’Manifest vun der Green Brigade ugeet, sou geet d’Enquêtrice dovun aus, datt den Ugekloten doru matgeschafft huet. Dat well op sengem Computer net just déi fäerdeg, an der Chat-App Telegram verëffentlecht Versioune fonnt goufen, mee och eng éischt Versioun fonnt gouf, déi net publizéiert gi war. Grouss Deeler dovun, huet si erkläert, goufen einfach bei der Irish Republican Army (IRA) ofgeschriwwen a plagiéiert.
Och soss war den Ugeklote kreativ täteg. An der Achtzeger-Ästhetik vu Miami Vice – turquoise-rosa Schrëft op schwaarzen Hannergrond, Sonnenënnergang a rout Palmen - huet hie Slogane wéi: "Hitler did nothing wrong", oder "no muslims allowed" an "I have Aids because I’m black" illustréiert. Woubäi hien a sengen Chatmessagë nach vill méi explizitt ginn ass: "I really feel like killing a cop. I am going to kill a cop today", "all transgender people should be executed", "that girl should be raped, strangled and mutilated", "I will not rest until every elite is dead and every police is raped" huet d’Polizistin virgelies.
Wéi hien Uganks 2020 festgeholl gouf, hat hie kenger vun deenen Organisatiounen ofgeschwuer, au contraire, de Mount virdrun hat hien d’Iddi an d’Spill bruecht, op engem Terrain vu sengen Elteren a Schweden en Trainingscamp fir The Base Memberen z’organiséieren. Nach an d’Untersuchungshaft huet hie sech vu senger Mamm antisemittesch Literatur brénge gelooss, esou d’Enquêtrice.
De Prozess geet um Freideg de Moie viru mat weideren Aussoe vun den Enquêteuren.