RTL-Informatiounen: Dës Propose sollen no zwou Sozialronnen um Dësch leien

© Domingos Oliveira / RTL
Den 3. September sollen d'Gespréicher tëscht der Regierung an de Sozialpartner weidergoen. Aktuell sollen awer schonn eng Partie Proposen um Dësch leien.
No den zwou Verhandlungsronnen den 9. an de 14. Juli huet d’Regierung de Sozialpartner fir den 3. September Rendez-vous ginn, fir weider ze negociéieren. Bis dohi wëlle si no baussen net iwwert d’Propositioune schwätzen, déi um Dësch leien. Hei drënner fannt Dir d’Propositiounen, déi eises Wëssens no an der Diskussioun waren – méiglecherweis ass dee Relevé net ganz komplett.
Ouvertureszäiten
RTL-Informatiounen no gesinn déi lescht Propositiounen zu den Ouvertureszäiten am Commerce fir, datt an der Woch vu moies 5 bis owes 20.00 Auer regulär kann op sinn. Patronen, déi hir Geschäfter doriwwer eraus vun Owes 20.00 bis Moies 01.00 Auer wëllen op hunn, sollen dat iwwer Kollektivvertrag reegelen.
Weekends sollen déi regulär Ouvertureszäiten vun 5 Auer Moies bis Owes 19 Auer goen. Eng Ouverture vun 19 bis 01.00 Auer wier iwwer Kollektivvertrag ze reegelen.
Bis ewell hat dem Wirtschaftsminister Lex Delles seng Propositioun virgesinn, datt d’Commercen an der Woch bis 22 Auer op wieren a Weekends bis 19.
Sonndesaarbecht
Wie seng Mataarbechter sonndes méi ewéi véier Stonne wëll schaffe loossen, soll och dat iwwer Kollektivvertrag reegelen. Allerdéngs solle kleng Betriber heivun ausgeholl ginn. Wat e klenge Betrib ass, do si sech Regierung a Sozialpartner nach net eens. Eisen Informatiounen no hätt d’Regierung vun ënner 15 Mataarbechter geschwat, well a Betriber vun där Gréisst och keng Personaldelegatioun noutwenneg ass - wat d’Gewerkschaften akzeptéiert hätten. Ma d’Patronatsvertrieder wieren domat net averstane gewiescht, si hätte léiwer, d’Limitt géing bei bis zu 49 Mataarbechter leien. D’Fro ass, wou ee sech elo trëfft.
Pensiounen
A senger Ried zur Lag vun der Natioun hat de Premier Luc Frieden a punkto Pensioune jo Folgendes gesot: "D'Carrière déi, ee muss absolvéiert hunn, fir en Urecht op eng Pensioun ze hunn, wäert iwwert eng Rei Joren all Joers stufeweis ëm dräi Méint verlängert ginn." Dat fir de reelle Rentenalter, mat deem d’Leit an d’Pensioun ginn an de gesetzleche Rentenalter vu 65 Joer méi no uneneen ze bréngen.
D’Inspection générale de la sécurité sociale (IGSS) huet ausgerechent, wat dat géing bréngen (Aperçu; Numéro 29, juin 2025). Am Verglach mam Basiszenario, an deem d’Rentereserve 2039 ënner de Seuil legal géing falen an 2045 eidel wier, géifen dës Mesuren am beschte Fall, wann d’Wirtschaft wiisst, dës Echeancen op 2043 respektiv 2050 no hanne réckelen.
RTL-Informatiounen no ass dës “Stoussrichtung”, wéi dem Premier seng Propositioun no vill Kritik genannt gouf, elo staark zeréckgeschrauft ginn. Deemno géif d’Dauer, iwwert déi ee muss cotiséieren, iwwer fënnef Joer ëm aacht Méint an d’Luucht gesat ginn. Dëst géif awer just fir déi Salariéë gëllen, déi mat 60 an d’Fréirent ginn, mee net fir Leit, déi mat 57 scho 40 Joer cotiséiert hätten.
Dat géif konkret bedeiten: Fir dat éischt Joer no dëser Reform kéint een also mat 60 Joer plus engem Mount an d’Pensioun goen. Dat zweet Joer mat 60 Joer plus zwee Méint, dat drëtt Joer mat 60 plus véier Méint, dat véiert Joer mat 60 Joer a sechs Méint an dat fënneft Joer mat 60 Joer an aacht Méint.
Dann huet d’Regierung och proposéiert, fir d’Cotisatioune jeeweils fir d’Patronen, d’Salariéë an de Staat ëm 0,5 Prozent eropzesetzen – also 3 mol 0,5 Prozentpunkten*.
Nom Rentegesetz vun 2012 dierft keng Allocatioun de fin d’année méi bezuelt ginn, wann de Cotisatiounstaux an d’Luucht gesat gëtt. Der Reform vun 2012 no hänkt och de Reajustement vun der finanzieller Lag vum Rentesystem of a geet zréck, wann déi lafend Ausgaben iwwert déi lafend Recettë klammen. Dat soll de Berechnunge vun der IGSS no, ouni weider Reform, nach dës Legislatur de Fall sinn. RTL-Informatiounen no gesinn d’Propositiounen aus der Sozialronn awer vir, esouwuel den Ajustement, ewéi och Allocation de fin d’année onverännert bäizebehalen. Deemno géif do d’Reform vun 2012 op deene Punkte réckgängeg gemaach ginn.
No fënnef Joer sollt de Bilan gezunn ginn, wat dës Mesure bruecht hunn.
CGFP-Ouverture refuséiert
RTL-Informatiounen no hat d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP eng Ouverture gemaach, fir de Spezialregimm vum ëffentlechen Déngscht an dem Régime général vum Privatsecteur ze harmoniséieren andeems een iwwerall de Cotisatiounsplafong géing ophiewen an da mat alle Gewerkschafte fir déi nämmlecht Maximalrent a béide Systemer negociéiert hätt. D’Regierung huet dës Proposen awer net consideréiert. Datt d’Patronatsvertrieder dogéint sinn, dovu kann een ausgoen - si haten an hirem Avis fir de Wirtschafts- a Sozialrot Cotisatiounserhéijunge kategoresch ausgeschloss. Wann de Plaffong am Privatsecteur géing ofgeschaaft ginn, missten d’Patronen awer genee esou wéi d’Salariéen an de Staat op den héije Paie méi Bäiträg bezuelen.
Deemno huet d’Regierung awer keng vun den anere Virschléi vun de Gewerkschaften fir aner Finanzementsquellen fir de Pensiounsystem z’erschléissen, wéi nei Steieren, zeréckbehalen.
D’Patronatsvertrieder hirersäits besti jo drop, datt e Package negociéiert gëtt. Si erwaarde sech deemno eng geldwäert Contre-Partie. Am Koalitiounsaccord hat d’CSV-DP-Regierung versprach, den Niveau vun de Steiere fir d’Betriber op d’OECD-Moyenne ze ajustéieren. Ma genee wéi de Privatstéit war d’Regierung och de Betriber scho steierlech entgéintkomm. Den 1. Januar dëst Joer goung de Kierperschaftssteiersaz vu 17 op 16 Prozent erof.
Vue datt nach net kloer ass, ob um Enn vun dëse Verhandlungen en Accord zu drëtt - Regierung a Sozialpartner -, zwee Accorden zu zwee - Regierung a Gewerkschaften respektiv Regierung a Patronat - oder iwwerhaapt keen ënnerschriwwe gëtt an d’Regierung ouni schrëftlech Zousoen Gesetzesprojeten amendéiert oder op de Wee schéckt, war net erauszefannen, wou a wéi eng méiglech Contre-Partie fir d’Patrone festgehale géif.
*Dësen Artikel gouf corrigéiert, fir kloer ze stellen, datt et sech 0,5 Prozentpunkten an net ëm 0,5 Prozent handelt. Cotisatioune géingen deemno op jeeweils 8,5 Prozent vun haut 8 fir Salariéeën, Patronen a Regierung klammen.