Dréngend Reunioun gefuerdert
D’LSAP wëll Erklärunge vun der Regierung no rezenter Cyberattack géint d’Post

D’Oppositiounsdeputéiert Taina Bofferding a Ben Polidori fuerderen an engem Schreiwes eng dréngend gemeinsam Reunioun vun de Ressort-Kommissiounen.
Wärend där Reunioun sollen de Premier Luc Frieden, de Wirtschaftsminister Lex Delles, den Inneminister Léon Gloden an d’Digitalisatiounsministesch Stéphanie Obertin d’Deputéiert iwwer deen Incident vu leschter Woch informéieren. Et misst och gekuckt ginn, wéi eng Léieren een dorausser zitt a wat e ka maachen, fir méi resilient ze ginn géint esou Attacken.
Am meeschte gelies