Gefälschten Internetsite vun der BIL: Ech sinn och Affer ginn...

Eng ganz Partie Affer hu sech no der Publikatioun vun engem Artikel op rtl.lu bei der Redaktioun gemellt. D'Envergure vun der Arnaque schéngt grouss.
"Ech sinn och Affer ginn...", dat eng Formulatioun, déi mir an de leschte Stonne méi dacks an der Redaktioun gelies hunn. Eng Rei Affer vun enger Arnaque hu sech bei RTL gemellt.
Konkreet geet et ëm e gefälschten Internetsite vun der BIL. Den Detail kann een hei nach eng Kéier noliesen.
Hei nëmmen ee vu ville weideren Temoignagen:
"Mir sinn den 10. Juni 2025 och Affer duerch déi gefälschtem Internetsite vun der Bil ginn. 8800 Euro sinn ofgebucht ginn. Ech wor net an de Kont erakommen, hunn direkt ofgebrach an hat keng digital Ënnerschrëft gemaach. Sinn dunn op eng aner Bank ouni Problem rakommen. Du komm e Pop - Up vun der Bil fir eng Transaktioun vun 8000 Euro, déi ech ofgeleent hunn. Hunn direkt op d'Bil telephonéiert fir de Konto ze spären an hu Plainte bei der Police gemaach."
Och en anert Affer huet de Montant vun 8.800 Euro genannt. An de verschiddenen Temoignagë fält och op, dass dës Arnaquen tëscht Mee a Mëtt Juli 2025 ëmmer nees duerchgezu gouf.
Insgesamt kann een dovun ausgoen, dass eleng, wann een d'User zesummerechent, déi sech bei RTL gemellt hunn, e sechsstellege Betrag muss duerch dës Masch ergaunert gi sinn.
E weidere Reportage kënnt e Mëttwoch um 19 Auer op der Tëlee.
Betraffener, déi sech am Whatsapp-Grupp austausche wëllen, kënne sech op follgenden E-Mail-Adresse mellen: